Pete Seeger

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pete Seeger
Gebuertsnumm Peter Seeger
Gebuer 3. Mee 1919
New York
Gestuerwen 27. Januar 2014
Manhattan
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Sänger, Stroossekënschtler, Banjospiller, Musikolog, Liddermécher, Gittarist, Friddensaktivist, Discographesche Kënschtler
Partei Kommunistesch Partei vun den USA

De Peter (Pete) Seeger, gebuer den 3. Mee 1919 zu New York City a gestuerwen och do de 27. Januar 2014, war en US-amerikanesche Folkmuseker a Songwriter. Hie war e gudde Frënd vum Woody Guthrie a Grënner vun The Almanac Singers an The Weavers.

Hien huet sech ëmmer staark politesch engagéiert gehat, géint de McCarthismus, fir d'Biergerrechter vun deene Schwaarzen an den USA, an der Friddensbeweegung géint de Vietnamkrich an och an Ëmweltbeweegungen.

Gewéinlech huet hie sech um Banjo begleet. Zu senge bekanntste Stécker zielen We Shall Overcome, Where have all the Flowers gone?, The Hammer Song (och: If I Had A Hammer) an Turn, Turn, Turn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pete Seeger – Biller, Videoen oder Audiodateien