Peter Anich
Peter Anich | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 7. Februar 1723 |
Gestuerwen |
1. September 1766 Innsbruck |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Geograph, Kartograph |
De Peter Anich, gebuer den 22. Februar 1723 zu Oberperfuss am Tiroul, a gestuerwen den 1. September 1766 och do, war e Bauer, Kartograph a Pionéier an der Héichbiergkartographie.
Den Anich war e Bauerejong an huet bis säin 28. Liewensjoer um Bauerenhaff geschafft, ier hie bei de Jesuitten zu Innsbruck Mathematik an Astronomie studéiert huet. Hien huet en Himmels- an en Äerdglobus konstruéiert, déi haut am Tiroler Landesmusée stinn. Weider huet hien eng Kaart vun der Innsbrucker Ëmgéigend an zesumme mam Blasius Hueber en Atlas vum Tiroul mat 20 Béi (Atlas Tyrolensis) geschaf.
No him sinn déi Innsbrucker Anichstrooss, déi Grazer Anichgaass, d'Peter-Anich-Siedlung zu Bruneck an d'Geometeruewerschoul zu Bozen an och ënner anerem d'Peter Anich-Hütt[1] iwwer Rietz benannt. Den nërdleche Ramolkogel an den Ötztaleralpen dréit och säin Numm, Anichspitze. Ausserdeem gouf den eenzege Sonnenobservatoire a Südtiroul (Sonnenobservatoire Peter Anich) no him genannt.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Peter Anich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Sonnenobservatoire Peter Anich
- Die Tirol-Karte oder der Atlas Tyrolensis des Peter Anich und des Blasius Hueber aus dem Jahre 1774 (Tiroler Landesarchiv 2006)