Peter Jackson

Vu Wikipedia
Peter Jackson
Gebuertsnumm Peter Robert Jackson
Gebuer 31. Oktober 1961
Nationalitéit Neiséiland
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Filmediteur, Schauspiller, Regisseur
Member vun WGA West
Famill
Bestuet mat Fran Walsh

De Sir Peter Robert Jackson ONZ, KNZM, gebuer den 31. Oktober 1961 zu Wellington an Neiséiland, ass en neiséilännesche Filmregisseur, -produzent an Dréibuchauteur.

HIen ass virun allem bekannt fir seng Verfilmunge vun der The Lord of the Rings Trilogie (2001-2003) an der The Hobbit Trilogie (2012-14), allebéid Adaptatioune vun de Romaner mam selwechten Numm vum J. R. R. Tolkien. Aner bekannt Filmer vun hum sinn Heavenly Creatures (1994), de Pseudo-Documentaire Forgotten Silver (1995), d'Horror-Comédie The Frighteners (1996), e Remake vum King Kong (2005) an dem iwwernatierleche Filmdrama The Lovely Bones (2009). Donieft huet hien ë. a. District 9 (2009), The Adventures of Tintin: The Secret of the Unicorn (2011) an den Dokumentarfilm West of Memphis (2012) produzéiert.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peter Jackson – Biller, Videoen oder Audiodateien