Petrischuel

Vu Wikipedia
Zwou Petrischuelen, mat enger Couche Agar-Gel .
Eng mat Mikroorganismen aus dem déiwe Mier.

Eng Petrischuel ass eng flaach, ronn, duerchsichteg Schuel mat engem Deckel, déi gewéinlech an der Biologie, der Medezin oder der Chimie agesat gëtt, fir Mikroorganismen oder Zellen ze kultivéieren.

Se gouf nom däitsche Bakteriolog Julius Richard Petri genannt, dee se 1887 erfonnt hat.

Fir Zell- oder Mikroorganismekolonien ze kultivéieren, gëtt eng dënn Couche Niermedium, meeschtens eng gelaarteg Crème op Basis vun Agar, op de Buedem vun der Schuel verspreet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • R. J. Petri: Eine kleine Modification des Koch'schen Plattenverfahrens. In: Centralblatt für Bacteriologie und Parasitenkunde. Bd. 1, 1887, S. 279–280. Online bei archive.org

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Petrischuel – Biller, Videoen oder Audiodateien