Phalloidin

Vu Wikipedia

Phalloidin ass en zykleschen Oligopeptid deen aus 7 Aminosaiere besteet. An der Natur kënnt Phalloidin haaptsächlech am grénge Knollebliederpilz (Amanita phalloides) vir. Et ass dës Subtanz déi mécht, datt dëse Pilz déidlech gëfteg ass.

Phalloidin ass haaptsächlech e Liewergëft, et bewierkt eng zentral Liewerläppchevakuoliséierung an eng Sekundärverfettung.

An der Mikroskopie gëtt Phalloidin gebraucht fir Aktin ze lokaliséieren, well et eng grouss Affinitéit fir dat Protein huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kettler, L.- H.: Über die vakuolige Degeneration der Leberzellen, in Virchows Archiv für Pathologische Anatomie und Physiologie und für Klinische Medizin, 1948, 315 S. 5f.