Pico do Fogo

Vu Wikipedia
De Pico do Fogo mat vir dem Pico Pequeno,
Haus, dat vun der Lava vun der Eruptioun 2014/15 hallef zougeschott gouf.

De Pico do Fogo ass e Stratovulkan op der Insel Fogo, déi zu den Insele vum Cap Vert gehéiert. Mat enger Héicht vun 2829 Meter ass et den héchste Punkt vum Land, an ausserdeem deen eenzegen aktive Vulkan vum Archipel.

De Kegel vum Pico do Fogo ass ongeféier 1200 Meter héich op der Ostsäit vun der Caldera vun der Insel (Chã das Caldeiras), déi am Fong een eenzege grousse Vulkan ass. D'Caldera selwer ass op enger Héicht vu 1600 bis 1700 Meter iwwert dem Mier, an huet en Duerchmiesser vun enger 9 Kilometer.

E gewaltegen Ausbroch vum Pico, am Joer 1680, huet der Insel, déi dunn São Filipe genannt gouf, hiren haitegen Numm ginn: Fogo heescht "Feier" oder och "Liichttuerm".

1785, 1799, 1847, 1852, 1857, 1951, 1995 an 2014/15 gouf et weider Eruptiounen.

Bei där vum 2. Abrëll 1995, bei där d'Lava just bannen an d'Chã das Caldeiras gelaf ass, ass e klengen Niewevulkan entstanen, de Pico Pequeno ("klenge Pico"), deem seng Spëtzt op enger Héicht vun 1950 Meter ass. Dës Eruptioun huet grouss Deeler vum fruchtbaren Deel vun der Caldera mat Lava zougeschott, op där Aker- a Wäibau bedriwwe goufen.

Den 23. November 2014 koum et zu enger neier Eruptioun, déi bis an de Februar 2015 gedauert huet. En zéiege Lavafloss huet dobäi praktesch de Rescht vum landwirtschaftlech genotzte Buedem zougeschott, an déi zwou kleng Uerschafte Portela a Bangaiera (déi mat Zäiten evakuéiert gi waren) goufe bal komplett zerstéiert.

De Krater vum Pico do Fogo

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pico do Fogo – Biller, Videoen oder Audiodateien