Pierre Renoy

Vu Wikipedia
Versioun vum 23:45, 13. Aug. 2014 vum RobbyBot (Diskussioun | Kontributiounen) (a, replaced: thumb|250px|right → thumb|250px using AWB).
Deckel vu Festival pour une Japonaise

Pierre Renoy ass de Kënschtlernumm vum Pierre Renwa soss och nach Pierrot genannt, gebuer zu Léck den 30. August 1954. Hien ass e belschen Zeenarist an Zeechner vu BDën.

Hien ass de Schwoer vum Schwäizer Comicszeechner Derib, dee mat senger Sëschter Dominique, déi Illustratioune moolt, bestuet ass. Si zeechent ënner dem Numm D. de Ribeaupierre.

Mat 17 Joer huet hie beim Mittéï als Encreur ugefaange mat schaffen.

1975 huet hie beim Journal de Tintin op en Zeenario vum Janeiro ugefaangen d'Illustratioune vum Nanouche ze maachen, där hir Aventuren 1976 fir d'éischt am Tintin erauskoumen. Dat Joer drop huet hien och d'Zeenarien dofir geschriwwen.

De Pierre Renoy, deen zimlech fréi mat zeechnen opgehalen huet, wunnt haut zu Tilff, wou en e klenge Bistrot exploitéiert, an deem regelméisseg belsch Moler vun alle Borden ausstellen, vum Regionalmoler bis zu méi bekannte Moler wéi z. B. de Lécker Surrealiste Valère Gustin. Hien huet eng Virléift fir Jazz-Musek, an afrikanesch a kubanesch Museker.

Als Member vum Komitee deen all Joer de Prix Tchantchès et Nanesse verdeelt, ënnestëtzt hien déi Lécker Kënschtler, an organéisert dacks am Kader vu Vernissagen Concerte vu Folklorgruppen, oder jonke Museker.

Fir de Prix Tchantchès et Nanesse deen all Joer an der Taverne Tchantchès & Nanesse am Kader vun de Fester an Outre-Meuse am August vergi gëtt, huet hie vun Ufank un den Diplom illustréiert.

Wierker

4 Albumen an der Serie Nanouche, an hollänescher Sprooch erauskomm ënner dem Numm Barbara.

  1. Festival pour une japonaise, Zeechner: Pierre Renoy, Zeenarist: de Janeiro. 46 Planchen, Editions Le Lombard, 1981. Vun de 46 Planchen, war den de Janeiro Zeeneraist vun 3 Stéck, de Rescht war vum Renoy.
  2. Corrida pour une nuit blanche, Zeechner an Zeenarist: Pierre Renoy, 44 Planchen, Editions Le Lombard, 1981.
  3. Des clous pour le Cachemire, Zeechner an Zeenarist Pierre Renoy, 44 Planchen, Editions Le Lombard 1982.
  4. Le secret du fou à la frégate, Zeechner an Zeenariste Pierre Renoy, 46 Planchen, Editions Le Lombard, 1983.