Pierre Warin
Ausgesinn
Pierre Warin | |
---|---|
Gebuer |
15. Juni 1948 Rocourt |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun |
Gregorianesch Peepstlech Universitéit, Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
De Pierre Warin, gebuer de 15. Juni 1948 zu Rocourt an der Provënz Léck, ass ee belsche Geeschtlechen an Auxiliairebëschof vun Namur.
De Pierre Warin gouf den 23. Dezember 1972 zu Léck zum Geeschtleche geweit. Hien ass Bachelier en Philosophie, Candidat en philosophie et lettres, Licencié en théologie biblique an huet en Doktertitel an der Theologie.
Hie krut seng Ordinatioun als Auxiliairebëschof vun Namur, an Titularbëschof vun Tongeren de 26. September 2004.
Säi Wopesproch ass: Virtus in infirmitate perficitur