Pionéierbamaarten
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Pionéierbeem)
Pionéierbamaarte sinn déi Bamaarten, déi als éischt fräi Fläche koloniséieren, wéi zum Beispill no Kalschléi, Äerdrutscher oder Bränn.
Pionéierbamaarte sinn z. B.:
- Bierk (Betula pendula)
- Bësch-Kifer (Pinus sylvestris)
- Alenter (Alnus glutinosa)
- Salweid (Salix caprea)
- Vullekiischt (Sorbus aucuparia)
- Europäesch Meläs (Larix decidua)
- Esp, och Zidderpëppel (Populus tremula)
Pionéierbamarten hunn eng Rëtsch gemeinsam Eegenschaften: Si wuesse séier, verdroen d'Klimaextremer gutt a stelle keng grouss Uspréch un de Buedem.
Si ginn dofir do ugeplanzt, wou et drëms geet fir de Buedem fir aner Holzaarten ze preparéieren an e Schierm opzebauen, fir doduerch eng Protektioun fir déi méi empfindlech Bamaarten ze maachen.