Op den Inhalt sprangen

Pioneer P-3

Vu Wikipedia
Pioneer-P-Sond
Pioneer P-3-virum Start
TypMoundsond
LandUSA
AgenturNASA
Start28. November 1958, 06:26 UTC
StartplazCape Canaveral AFS Launch Complex 17
DrorakéitAtlas-Able
Status28. November 1958 totale Verloscht duerch onstabil Fluchbunn

D'Pioneer P-3 war déi zweet vun enger geplangter Serie vu véier Moundsonde vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si hätt sollen an en héijen Orbit ëm den Äerdmoundaschwenken a Fotoe vun der Uewerfläch maachen, a weider Experimenter duerchféieren. Nëmme 45 Sekonne nom Start hat sech d'Notzlaaschtverkleedung geléist, wat zu enger onstabiler Fluchbunn vun der Rakéit a schliisslech zum totale Verloscht gefouert hat. Well d'Missioun, wéi och déi dräi aner Missiounen, e Feelschlag war, krut si aus Grënn vum Secret keng Nummer, mä nëmmen e Buschtaf.

Opbau vun de Pioneer-P-Sonden

D'Pioneer P-3 hat eng kugelfërmeg Gestalt mat engem Duerchmiesser vun 1 Meter. Nom Ausfuere vun de Solarpanéilen hätt si eng Spanwäit vun 2,7 Meter gehat. An der Sond waren en ettlech Moossinstrumenter, dorënner e Mikrometeorittendetekter, e Geiger-Müller-Zielrouer, e Proportiounalzieler, e Sonnendetekter an eng Ionisatiounskummer. Fir d'thermesch Reguléierung vun der Pioneer P-3 sollten 52 kleng Propellerschaute bäidroen. Déi hätte sech bei ze niddreger Temperatur vun der Sond opgemaach fir duerch d'Sonneliicht d'Temperatur vun der Sond z'erheijen. Bei ze héijer Temperatur hätte se sech nees zougemaach.

Geplangt war, datt d'Sond nom Erreeche vum Mound duerch d'Bremsrakéite gestoppt sollt ginn, fir dann an e Moundorbit anzetrieden. D'Missioun war en totale Feelschlag.

Portal Astronomie

 Commons: Pioneer (Raumsonde-Programm) – Biller, Videoen oder Audiodateien