Piotr Chmielewski

Vu Wikipedia

De Piotr Chmielewski (* 18. September 1970) ass e polnesche Vëlossportler.

De Piotr Chmielewski huet seng Carrière 1997 bei der Ekipp PEKAES Irena Zepter ugefaangen. Vum Joer 2000 un fiert hie bei der Ekipp Mróz.

Säin éischten Etappenerfolleg hat hien am Joer 2000 an der Course de la Solidarité Olympique. Dat Joer duerno war hien éischten am Generalklassement vum Giro del Capo, an am Memorial Henryka Lasaka. Hien huet dat Joer och eng Etap am Tour de Pologne a bei der Jayco Herald Sun Tour gewonnen.

Vun 2003 un ass hie bei CCC Polsat gefuer. Bei där Ekipp konnt hien eng Etap vun der Wyscig Dookola Mazowska fir sech entscheeden. 2004 und 2005 ass hie fir Intel-Action gefuer an 2006 erëm fir CCC Polsat. Zanter der Saison 2007 fiert hie fir Action-Uniqa.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]