Plast

Vu Wikipedia

Opgepasst: Hei geet et ëm d'Organellegrupp vun de Plasten. Fir déi russesch Stad mam Numm Plast, kuckt wgl. Plast (Stad).


Als Plast bezeechent een eng Grupp vun Organellen déi nëmmen am Zytosol vu planzlechen Zelle virkommen. Et kann een ënnerscheeden tëscht:

  • Chloroplasten (kuckt do)
  • Chromoplasten: faarweg Plasten déi de Friichten a verschiddene Bléieblieder hir Faarf ginn.
  • Amyloplasten: Reserveplaste fir Stäerk, z. B. an de Gromperen.
  • Protoplasten: net-differenzéiert Plasten aus deenen déi aner Zorten entstoe kënnen.
  • Etioplasten: Virstuf vun de Chloroplasten déi an der Däischtert entstinn.

Déi verschidde Plastentyppe kënne sech een an den anere verwandelen entweeder duerch Faktore vu baussen (sou ginn z. B. un der Luucht d'Etioplasten zu Chloroplasten) oder duerch geneeteschen Determinismus (beim Entstoe vun den Organer vun enger Planz differenzéiere sech d'Protoplasten an deen Typ dee fir dat Organ néideg ass).

Plaste sinn, wéi och d'Mitochondrien, semi-autonom Organellen déi sech nëmmen aus Plaste kënne bilden déi et scho gëtt an eng eegen DNS-Moleküll enthalen. Fir si gëllt als warscheinlechst Originn d'Endosymbios.