Mitochondrie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Mitochondrie ass en Organell vun der eukaryotescher Zell. Si huet eng duebel Membran an ass ongeféier 1-5 μm laang bei engem Duerchmiesser vun zirka 0,5 μm. Déi baussegt Membran ass glat gestreckt, déi bannescht gefaalt. Sou kann een zwee Kompartimenter ënnerscheeden: den tëschemembranéise Raum an de bannenzege Raum, dee Matrix genannt gëtt.

Schema vun engem Schnëtt duerch eng Mitochondrie.
1 Bannemembran, 2 Baussemembran, 3 Crista, 4 Matrix.

Baussen- a Bannemembran hu verschidden Zesummesetzunge wat d'Phospholipiden ugeet. An der Matrix fënnt een eng oder méi kreesfërmeg DNA-Moleküllen. Dëst sinn nëmmen zwéin Argumenter zugonschte vun der Endosymbiostheorie déi seet, datt Mitochondrien vu fräiliewende Bakterien ofstamen, déi vun eukaryoteschen Zellen opgeholl goufen, a mat dësen am Laf vun der Evolutioun eng Symbios agaange sinn. Well d'Mitochondrien nëmmen aus Mitochondrie kënnen ervirgoen déi et scho gëtt, (d'Zelle kënnen keng entstoen dinn), a se duerch hir DNA en Deel vun hire Proteinne selwer codéieren, schwätzt e vu semi-autonomen Organellen.

Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Mitochondrië ginn dacks "Kraaftwierker" vun den Zelle genannt well si aus ADP a Phosphat deen energieräichen ATP hierstellen.

  • ADP = Adenosindiphosphat
  • ATP = Adenosintriphosphat

Ëmmer wann d'Zell Energie brauch, gräift s'op dësen ATP zréck, baut en zu ADP an Phosphat of, woubäi Energie fräigesat gëtt.

Doriwwer eraus si se nach e Späicher fir Ca2+-ionen.