Beta Oxydatioun
Ausgesinn
D'β-Oxydatioun (och nach Lynen-Helix genannt) ass de Stoffwiesselwee deen dozou déngt Fettsaieren ofzebauen. Dozou gëtt d'Fettsaier duerch e Koenzym A (HSCoA) "aktivéiert" an duerno Schrëtt fir Schrëtt verkierzt all Kéier eng C2-Enheet (déi als ActylCoA libéréiert gëtt a kann an den Zitratzyklus goen). Well et ëmmer déi selwecht Enzyme sinn déi un enger ëmmer méi kuerzer Moleküll schaffen, schwätzt ee vun enger Helix. Bei all Tour entsteet en NADH, H+ an en FADH2.
D'β-Oxydatioun geschitt an den Zelle vun Déieren an de Mitochondrien, a bei de Planzen an de Glyoxysomen.
D'β-Oxydatioun gouf 1904 vum Kranz Knoop zu Freiburg entdeckt.