Zitratzyklus

Vu Wikipedia

Den Zitratzyklus ass e Stoffwiesselwee bei der Oxidatioun vu Brennstoffmoleküllen. Et ass déi lescht a gemeisam Etapp vum Katabolismus vu Kuelenhydrater, Lipiden an Aminosaieren. Déi Molekülle ginn an den Etappe virdrun an Actyl-CoA verwandelt, deen dann dem Zyklus zougefouert gëtt. An den Eukaryote leeft den Zyklus an de Mitochondrien of, anescht wéi bei der Glykolys, déi sech am Zytosol ofspillt.

Synonymmen[änneren | Quelltext änneren]

  • Citratzyklus
  • Zitrounesaierzyklus
  • Trikarbonsaierzyklus
  • Krebs-Zyklus

Wat beim Zitratzyklus geschitt[änneren | Quelltext änneren]

Eng Verbindung mat am Ganze 4 Kuelestoffatomer (Oxaloacetat) kondenséiert mam Acetylgrupp vum Acetyl-CoA, déi aus zwéi Kuelestoffatomer besteet a fabrizéiert am deem Moment eng Tricarbonsaier mat am Ganze 6 C-Atomer (Zitrat, dohier den Numm vun dësem Zyklus). Doropshi gëtt een Isomer vum Zitrat oxidativ dekarboxyléiert. Déi C5-Eenheet, déi doraus entstanen ass, gëtt duerch déi oxidativ Dekarboliséierung a Succinat ëmgewandelt, aus deem spéider erëm Oxalacetat entsteet.

Wärend dem Zyklus entsteet also CO2 als Offallprodukt, awer et entsteet och gläichzäiteg reduzéierten NADH, H+ also eng héichenergetesch Verbindung déi duerno an der oxydativer Phosphoryléierung zur Produktioun vun ATP benotzt gëtt.

Divers[änneren | Quelltext änneren]

De wäit verbreeten Numm Krebszyklus berifft sech op den Entdecker vun dësem Zyklus an huet näischt mat der Krankheet Kriibs ze dinn. De Fait datt Krebs op Däitsch zweedäiteg ass an datt och d'Wuert "Zitrat" am Spill ass, huet an den 1980er Joren zur urban legend geféiert datt de wäitverbreete Liewesmëttelzousatz E330 (Zitrat, Zitrounesaier) kriibserregend wier, wat natierlech net richteg ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Citric acid cycle – Biller, Videoen oder Audiodateien