Glykolys

Vu Wikipedia

D'Glykolys (och nach Embden-Meyerhof-Wee genannt) ass e Stoffwiesselwee duerch deen Glukos ofgebaut gëtt. Dobäi entstinn aus engem Moleküll Glukos zwee Molekülle Pyruvat. Déi Energie, déi bei dësem Ofbau fräigesat gëtt, gëtt benotzt fir 2 ATP-Moleküllen an 2 NADH,H+-Moleküllen hierzestellen. De Pyrvat gëtt an Acetyl-CoA ëmgewandelt fir an den Zitratzyklus (ënner aerobe Konditiounen) oder e gëtt zu Laktat vergärt (ënner anaerobe Konditiounen).

D'Glykolys spillt sech am Zytosol vun den Zellen of, souwuel ënner aerobe wéi anaerobe Konditiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Glycolysis – Biller, Videoen oder Audiodateien