Plazen aus der Warcraft-Serie

Vu Wikipedia

Warcraft ass den Titel vun enger Serie vu Spiller vu Blizzard Entertainment déi sech an der virtueller Welt Azeroth ofspillt, enger fantastesch Welt déi Hexerei, Aventure a Mutt verbënnt.

Azeroth[änneren | Quelltext änneren]

Azeroth ass d'imaginär Welt an där sech d'Missiounen a Kricher vun der Warcraft-Serie ofspillen. Firwat genee den Term Azeroth steet, gouf am Laf vun der Spillerserie nei definéiert.

Vu Warcraft I bis III war Azeroth den Numm vum Kinnekräich wat aus éischt vun der Hord iwwerfall gouf, dat Kinnekräich wat elo Stormwind heescht.

Am Ufank vu World of Warcraft stoung den Numm Azeroth fir de kompletten ëstleche Kontinent, elo d'Ëstlech Kinnekräicher.

Den Numm Azeroth gëtt dann och nach meeschtens benotzt, fir déi ganz Welt ze nennen, an där sech d'Warcraft-Serie ofspillt. D'Kontinenter vun Azeroth sinn d'Eastern Kingdoms, Kalimdor, Northrend, Undermine a Sunken Kalimdor.

Kalimdor[änneren | Quelltext änneren]

Kalimdor ass de westleche vun den zwee grousse Kontinenter vun Azeroth, an ass vun den #Eastern Kingdoms duerch d'Grousst Mier getrennt. Kalimdor ass d'Heemecht vun den Nuetselfen, den Orks, den Tauren an den Trollen. Vereenzelt fënnt een och Ogeren an Nagas. Kalimdor selwer ass an dräi Partien opgedeelt, Northern Kalimdor, Central Kalimdor an Southern Kalimdor.

Ashenvale Forest[änneren | Quelltext änneren]

Azshara[änneren | Quelltext änneren]

Darkshore[änneren | Quelltext änneren]

Desolace[änneren | Quelltext änneren]

Durotar[änneren | Quelltext änneren]

Dustwallow Marsh[änneren | Quelltext änneren]

Felwood[änneren | Quelltext änneren]

Feralas[änneren | Quelltext änneren]

Hyjal[änneren | Quelltext änneren]

Moonglade[änneren | Quelltext änneren]

Mulgore[änneren | Quelltext änneren]

Silithus[änneren | Quelltext änneren]

Stonetalon Mountains[änneren | Quelltext änneren]

Tanaris[änneren | Quelltext änneren]

Teldrassil[änneren | Quelltext änneren]

Darnassus[änneren | Quelltext änneren]

Darnassus ass d'Haaptstad vun den Nuetselfe vun der Allianz. D'Hohepriesterin Tyrane Whisperwind lieft am Temple of the Moon, zesumme mat de Sisters of Elune. An der Cenarion Enclave leet den Erzdruid Fandral Staghelm de Cenarion Circle. Nom Drëtte Krich hu sech d'Nuetselfe missen un hiert neit stierflecht Liewe gewinnen, wat net sou einfach war. An der Hoffnung hir Onstierflechkeet nees zeréckzekréien, huet eng Grupp vun Druiden de Plang gehat, e spezielle Bam ze planzen, den hir Welt mat der Éiwegkeet verbanne sollt. Nodeem de Malfurion vermësst gi war, huet de Fandral Staghelm sech dëser Aufgab ugeholl, fir en neie World Tree ze planzen. Un de Wuerzele vun dësem Bam gouf Darnassus gebaut.

The Barrens[änneren | Quelltext änneren]

Thousand Needles[änneren | Quelltext änneren]

Un'Goro Crater[änneren | Quelltext änneren]

Winterspring[änneren | Quelltext änneren]

Eastern Kingdoms[änneren | Quelltext änneren]

Alterac Mountains[änneren | Quelltext änneren]

Dalaran[änneren | Quelltext änneren]

Fändel vun Dalaran
Dalaran

Den zweeten arathorianesche Stadtstaat vun Dalaran gouf op den Territoire nërdlech vum Strom gegrënnt. Vill Zauberer hu sech mat op de Wee dohi gemaach, an der Hoffnung do méi fräi an a Rou sech hire neie Mächt widmen ze kënnen. Dës Magier hunn hir Kräften dozou benotzt, d'magesch Spëtzte vun Dalaran opzebauen, an hu sech weider hire Studie gewidmet. D'Awunner vun Dalaran hunn eng zolidd Wirtschaft opgebaut, a goufe permanent vun hire Magier beschützt. Mä wéi ëmmer méi Magier sech nëmme nach hirer Konscht gewidmet hunn, goung et baussent der Stad Dalaran biergof.

Déi éiweg Zaubereien hunn d'Burning Legion nees waakreg gemaach, déi verbannt war. Obschonn dës relativ schwaach Dämonen net eenheetlech a staark opgetruede sinn, sou hu si dach fir Konfusioun a Chaos an de Stroosse vun Dalaran gesuergt. Déi meescht vun dëse Rencontre mat den Dämone waren Eenzelfäll, an d'Magier un der Muecht hunn alles gemaach fir datt d'Ëffentlechkeet näischt sollt matkréien. Déi stäerkst Magier goufen ausgeschéckt, dës Dämonen nees anzefänken, mä si goufen dacks geschloen.

No e puer Méint hunn d'Bauere ronderëm Dalaran ugefaange sech Froen ze stellen, an et koum zu Rumeure vun enger Revolutioun an d'Magier goufen a Fro gestallt. Sou hunn d'Magier, aus Angscht et kéinte Rebelliounen ausbriechen, sech un d'Elfe gewand.

Nodeem d'Elfen iwwer d'dämonesch Aktivitéiten zu Dalaran Bescheed woussten, hu si hir mächtegst Zauberer geschéckt. D'Elfen hu genee Notize geholl, wat sech zu Dalaran ofgespillt huet, a sinn zur Conclusioun komm, datt, obschonn e puer Dämone ronderëm lafen, d'Burning Legion selwer keng Gefor duerstellt, soulaang d'Leit sech weider hirer Magier zouwenden, déi si schützt.

De Council of Silvermoon, deen d'Herrschaft iwwer d'Elfe vu Quel'Thalas hat, ass e geheime Pakt mat de Magier vun Dalaran agaangen. D'Elfen hunn de Magier d'Geschicht vum ale Kalimdor erzielt, a vun der Burning Legion, eng Geschicht déi de Leit nach ëmmer Angscht gemaach huet. Si hunn d'Mënschen drop opmierksam gemaach, datt soulaang si d'Magie benotzen, si sech mussen drop gefaasst maachen hir Stad géint d'Agente vun der Legioun ze verdeedegen. D'Magier hu virgeschloen, all hir Kräften op een eenzege stierfleche Champion ze setzen, deen e geheime Krich ouni Enn géint d'Legioun féiere soll. Ausserdeem sollt d'Majoritéit vun der Bevëlkerung heivun näischt gewuer ginn, aus Angscht viru Revolten a Paranoia. D'Elfe waren domat averstanen, an hunn eng geheim Societéit gegrënnt, déi d'Wiel vum Beschützer iwwerwaache sollt, a probéiere sollt d'Chaos a Grenzen ze halen.

Ënner der Opsiicht vum Orden of Tirisfal gouf Dalaran zum Zentrum fir jiddwereen deen d'Magie léiere wollt. D'Magiercheffe vun Dalaran hunn d'Kirin Tor gegrënnt, eng spezialiséiert Sekt an e Conseil déi all Zaubersproch, all Artefakt wat bekannt war, ënnersichen a katalogiséiere sollt.

Wärend dem Zweete Krich huet Dalaran op Säite vun der Allianz gekämpft. Virun der zweeter Invasioun vun der Burning Legion hat Dalaran eng immens Bibliothéik opweises, an déi gréisst Zauberer vun hirer Zäit hate sech do néiergelooss, ënner anerem den Erzmagier Antonidas, de Khadgar, d'Jaina Proudmoore, den Arugal an de Kel'Thuzad.

Nodeem allerdéngs d'Scourge hir Feldzich ugefaangen huet, war Dalaran hiert éischt Zil. Nodeem den Archimonde nees an d'Welt beschwört gi war, huet hien d'Stad belagert a komplett zerstéiert. Ënner senger Muecht ass Dalaran wéi eng Sandbuerg zesummegefall. Mä kuerz no der Defaite vun der Burning Legion, huet d'Allianz ënner dem Groussmarschall Garithos d'Ruinen nees ageholl, zesumme mat Flüchtlingen aus Lordaeron.

D'Magier vun de Kirin Tor déi de Krich iwwerlieft haten, sinn zeréck op Dalaran komm, fir d'Stad nees opzebauen. Dofir hu si eng riseg Kugel iwwer d'Stad gezaubert, fir a Rou nees zu Kräften ze kommen.

Arathi Highlands[änneren | Quelltext änneren]

Badlands[änneren | Quelltext änneren]

Burning Steppes[änneren | Quelltext änneren]

Deadwind Pass[änneren | Quelltext änneren]

Eastern Plaguelands[änneren | Quelltext änneren]

Stratholme[änneren | Quelltext änneren]

Stratholme

Stratholme, als grouss Mënschestad vu Lordaeron, war d'Basis vun de Petrolsraffinerien am Zweete Krich. De Prënz Arthas, an engem Ufall vu Wansinn, huet sech géint säi Mentor Uther Lightbringer geriicht, an d'ganz Stadbevëlkerung massakréiere gelooss. Hie war iwwerzeegt, si wiere mat der Pescht vun den Ondoudegen infizéiert. De gréissten Deel vun den Iwwerliewenden ass mat der Jaina Proudmoore geflücht.

Wéi den Arthas zeréck op Northrend geruff ginn ass, huet de Lich Kel'thuzad Stratholme zu senger Haaptstad gemaach an d'Zitadell vun Naxxramas baue gelooss. D'Scourge an der Stad selwer gëtt ugefouert vum Doudesritter Rivendare, engem fréieren Adlege vu Lordaeron. E Kontingent vum Scharlachroude Kräizzuch ënner dem Grousskräizfuerer Saiden Dathrohan hält och nach ëmmer en Deel vun der Stad besaat, a liwwert sech deeglech Kämpf mat der Scourge a mat jiddwerengem, dee sech an d'Stad erantraut.

Dun Morogh[änneren | Quelltext änneren]

Duskwood[änneren | Quelltext änneren]

Elwynn Forest[änneren | Quelltext änneren]

Hillsbrad Foothills[änneren | Quelltext änneren]

Loch Modan[änneren | Quelltext änneren]

Redridge Mountains[änneren | Quelltext änneren]

Searing Gorge[änneren | Quelltext änneren]

Silverpine Forest[änneren | Quelltext änneren]

Stranglethorn Vale[änneren | Quelltext änneren]

Swamp of Sorrows[änneren | Quelltext änneren]

Swamp of Sorrows

The Hinterlands[änneren | Quelltext änneren]

The Blasted Lands[änneren | Quelltext änneren]

Tirisfal Glades[änneren | Quelltext änneren]

Brill[änneren | Quelltext änneren]

Brill

Brill war eemol eng kleng Stad am Mënschekinnekräich vu Lordaeron. Et war eng vun den éischte Stied, déi ënner d'Plo vun der Scourge gefall sinn, eh dës sech an de nërdleche Länner ausgebreet huet. Et war zu Brill wou den Necromancer Kel'Thuzad, nach als liewege Mann, seng éischt Experimenter mat der Plo gemaach huet, déi den Ënnergang vu Lordaeron bedeit huet. De Succès vun der Infizéierung war dermoosse grouss, datt de Kel'Thuzad de Lich King iwwerzeege konnt, d'Invasioun souguer éischter wéi geplangt ze starten. D'Stad gouf vum Prënz Arthas ënnersicht, bei senge Versich erauszefannen, wou d'Plo géif hierkommen. Nodeem de Lich King duerch d'Zaubersprëch vum Illidan ëmmer méi schwaach gi war, hunn d'Forsaken ënner der Sylvanas Windrunner zimmlech séier d'Kontroll iwwer d'Stad, sou wéi och iwwer aner Deeler vun den Tirisfal Glades, iwwerholl.

Wéi all Forsaken, sinn och déi nei Awunner vu Brill an engem stännege Kampf géint hiren ale Meeschter, de Lich King. Déi gréisst Gefor vun der Scourge geet vun den Agamand Mills aus, mä och vun der Scarlet Crusade, déi sech op verschiddene Plazen an den Tirisfal Glades néiergelooss huet.

Western Plaguelands[änneren | Quelltext änneren]

Andorhal

Andorhal[änneren | Quelltext änneren]

Andorhal war den Distributiounszenter fir déi ganz Agrikultur ëstlech vum Lordamere Lake am Mënschekinnekräich vu Lordaeron virun der Invasioun vun der Scourge. Als eng vun de gréissere Stied vun der Regioun konnt Andorhal déi éischt Attacke vun der Plo iwwerliewen, souguer nodeem Lordaeron gefall war. Schlussendlech ass d'Stad awer ënner dem Arthas gefall. No der Defaite vun der Burning Legion gouf Andorhal eng regional Bastioun déi d'Lännereie vum Lich King vun deene vun de Mënsche getrennt huet. Hautdesdaags ass Andorhal d'Haaptquartéier vum Lich Araj the Summoner deen déi ruinéiert Stad als Operatiounsbasis benotzt, fir seng Peschtkesselen duerch d'ganz Western Plaguelands ze verbreeden.

Hearthglen[änneren | Quelltext änneren]

Hearthglen

Am Norde vun de Western Plaguelands läit d'Stad Hearthglen, déi nodeem d'Scourge zeréckgeschloe gi war, elo an der Hand vun der Scarlet Crusade läit, déi doraus eng grouss Operatiounsbasis gemaach huet. Éier den Arthas zum Doudesritter vum Ner'zhul ginn ass, hat hien eng Cargaisoun mat infizéiertem Wees bis op Hearthglen verfollegt. Hie konnt, zesumme mat der Arméi vu Lordaeron, d'Plo zeréckdreiwen an d'Infizéiert erschloen, éier si d'ganz Stad ugestach haten. Ironescherweis waren et d'Efforte vum spéidere Lich King, déi d'Stad perservéiert hunn, déi elo ënner der kompletter Kontroll vun der Scarlet Crusade steet.

Caer Darrow[änneren | Quelltext änneren]

Caer Darrow ass eng Insel an der Mëtt vum Darrowmere Lake. Op der Insel stoung de Runestee vu Caer Darrow, en ale Monolith deen den Elfe vu Quel'Thalas helleg war. Wärend dem Räich vun Arathor stoungen do och e puer Fortifikatiounen.

Am Verlaf vum Zweete Krich gouf d'Insel vun der Hord ageholl, déi d'Festung geplëmmt an de Runesteen matgeholl hunn. De Runesteen gouf a Stécker geha, aus deenen den Altar of Storms geschaf gouf, deen et dem Gul'dan erlaabt hunn, den Ogeren d'Magie méi no ze bréngen. Wéi den Uther Lightbringer op d'Insel koum, fir den Iwwerliewenden ze hëllefen, gouf hie vu Rebelle vun Alterac ugegraff. Nom Zweete Krich gouf d'Festung nees opgebaut an d'Famill Barov huet Kontroll iwwer d'Insel kritt. D'Barovs waren extreem räich an hate Lännereien déi d'Gläichgewiicht zu Caer Darrow, Brill, Tarren Mill a Southshore a Gefor bruecht hunn. Mä de Barovs ass dëst net duergaangen, a si sinn en Deal Magier Kel'Thuzad agaangen, a sou gouf aus dem oppulenten Haus vun de Barovs d'schrecklecht Scholomance, eng Schoul fir Nekromanten. D'Stad ass schlussendlech gefall, wéi d'Scourge zesumme mat Scholomance en Ugrëff op d'Insel gestart huet.

D'Entrée vu Scholomance op der Insel Caer Darrow

Scholomance[änneren | Quelltext änneren]

D'Nekromanteschoul Scholomance gouf vum Magier Kel'Thuzad op Wonsch vun der Famill Barov op hirer Insel Caer Darrow gegrënnt. D'Barovs kruten dofir vum Lich King d'Onstierflechkeet versprach, a spuken elo nach als Monsteren an den Hale vun der Schoul. De Lich Ras Frostwhisper ass elo Meeschter vu Scholomance, d'Schoul selwer gëtt vum stierfleche Nekromant Darkmaster Gandling geleet.

Westfall[änneren | Quelltext änneren]

Westfall

Fréier Weesskummer vum Kinnekräich vu Stormwind, ass Westfall haut en negligéiert Farmland. Wees gëtt scho laang kee méi ugeplanzt, an d'Garnisoune vu Stormwind hu sech zeréckgezunn, wéi den Ënnerhalt ze deier ginn ass. Duerch dëse Manktem u militärescher Protektioun ass Westfall bal ganz an d'Hänn vun der Defias-Brotherhood gefall. D'Defias kontrolléieren och déi verloosse Stad Moonbrook an et gëtt Rumeure vu grousse Minnen ënner der Stad.

Moonbrook[änneren | Quelltext änneren]

Éier d'Orks an Azeroth agefall sinn, war Moonbrook d'Haaptstad vun de Farmlännereie vu Westfall. Wärend dem Éischte Krich war Moonbrook a seng Schwësterstad Goldshire déi lescht zwou Uertschaften déi no der Zerstéierung vum Stormwind Keep un d'Horde gefall sinn. Béid Uertschafte goufen no de Victoire vun der Allianz am Zweete Krich nees opgebaut. Moonbrook ass awer haut näischt méi wéi eng Geeschterstad, déi vun den Defias besat gëtt.

Sentinell Hill[änneren | Quelltext änneren]

Sentinell Hill ass net wierklech eng Stad, éischter en Ausseposte vun de Mënschen, déi sech nach ëmmer géint d'Defias wieren. A sengem groussen Tuerm, deen ee scho vu wäitem gesäit, leet de Gryan Stoutmantle d'Operatiounen, fir Westfall vun den Defias ze befreien.

Wetlands[änneren | Quelltext änneren]

Northrend[änneren | Quelltext änneren]

Undermine[änneren | Quelltext änneren]

Sunken Kalimdor[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]