World of Warcraft

Vu Wikipedia
World of Warcraft

World of Warcraft (Welt vun der Krichskonscht) oder och kuerz einfach WoW genannt, ass ee Computerspill, méi genee een MMORPG (massively multiplayer online role-playing game) vu Blizzard Entertainment an der Fantaisiewelt Azeroth. Et ass de véierten Titel an der Rei vun de Warcraft-Spiller. Mat iwwer 10 Millioune Souscriptiounen ass World of Warcraft domat ee vun de beléifteste Rollespiller am Internet.

D'Spill ass den 23. November 2004 an den USA, Kanada, Australien an Neiséiland fir Microsoft Windows a Mac OS X erauskomm. An Europa war d'Spill zanter dem 11. Februar 2005 an englescher, däitscher, franséischer a spuenescher Sprooch an de Butteker ze fannen. A Südkorea koum World of Warcraft den 12. November 2004 an an der Volleksrepublik China de 6. Juni 2005 op de Maart. Déi russesch Versioun ass de 6. August 2008 ugelaf.

Wéi bei villen MMOPRGen muss och fir World of Warcraft all Mount bezuelt ginn. Als Alternativ zum Abonnement fir 1 Mount, 3 Méint oder 6 Méint kann ee fir eng Period vu 60 Deeg och mat enger sougenannter "Prepaid Game Card" spillen.

De 16. Januar 2007 ass déi éischt Erweiderung, The Burning Crusade, op de Maart komm. En halleft Joer méi spéit huet Blizzard déi zweet Erweiderung, Wrath of the Lich King annoncéiert, déi den 13. November 2008 an d'Butteker koum. Am August 2009 gouf déi drëtt Erweiderung, Cataclysm ugekënnegt, déi de 7. Dezember 2010 erauskoum. Déi véiert Erweiderung, Mists of Pandaria, ass am Oktober 2011 ugekënnegt ginn an ass de 25. September 2012 erauskomm.

Spillwelt: Azeroth[änneren | Quelltext änneren]

World of Warcraft spillt an der Fantasie-Welt Azeroth, déi aus de Warcraft-Spiller bekannt ass, an an d'Kontinenter Kalimdor an Eastern Kingdoms ënnerdeelt ass. Op dëse Kontinente fënnt ee vill verschidde Stied an Dierfer mat (Spill)geschichtlechem Hannergrond. Weiderhi gëtt et Bëscher, Wüsten, Dschungelen an och instanzéiert Dungeons (déi vum Rescht vun der Welt ofgetrennt sinn, wéi z. B. bestëmmten Höhlen, Gemaier etc.). Fir laang Reesstrecken ofzekierzen, gëtt et natierlech och verschidde Fortbeweegungsmëttel wéi Reitdéieren, Fluchdéieren, Zeppeliner, Booter, a souguer eng ënnerierdesch Bunn. A World of Warcraft gëtt et sechs Haaptstied: Thunderbluff (Tauren), Orgrimmar (Orken), Undercity (Forsaken), Ironforge (Zwergen), Darnassus (Nuetselfen) a Stormwind (Mënschen). An der Erweiderung The Burning Crusade gëtt et zwou weider Haaptstied, Silvermoon (Bluttelfen) an The Exodar (Draenei).

Geschichtlech spillt World of Warcraft véier Joer no Warcraft III: The Frozen Throne. Et ass also véier Joer hir datt d'Burning Legion eng Invasioun vun Azeroth probéiert huet, an d'Welt huet sech drastesch verännert. Lordaeron, dat fréiert Kinnekräich vun de Mënschen ass elo vun de Forsaken besat, d'Orken hunn Territoire vu Kalimdor a Besëtz geholl, an d'Allianz ass verspreet an den Eastern Kingdoms.

Tëscht den zwou Fraktiounen Hord an Allianz besteet zwar e Waffestëllstand, mä obschonn et net zu groussen oppene Krichshandlunge kënnt, sou gëtt et dach hei an do kleng Iwwerfäll.

Spillverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Wéi an alle Rollespiller kritt de Spiller Missiounen, sougenannt Quests déi hien erfëlle muss, a fir déi hien Erfarungspunkten an och mol déi eng oder aner Belounung, sief et a Gold oder a Form vun engem Géigestand, kritt. Dat erméiglecht dem Spiller, d'Welt ronderëm sech besser kennenzeléieren, an och ëmmer méi héich Stufen z'erreechen, also och ëmmer méi staark ze ginn. Dës Quests sinn dacks ganz verschidden. Déi eng Kéier muss een dem Zwerg am Duerf niewendrun e Faass Béier liwweren, déi aner Kéier duerch d'hallef Spillwelt reesen, nëmme fir mat engem ze schwätzen, oder awer och beweisen datt ee Mutt huet, an eng Partie vun de "Béisen" ëmbréngen. De maximale Level, deen een am Grondspill erreeche kann, ass Level 60. An der Erweiderung The Burning Crusade geet et souguer bis op Level 70 erop.

Wéi an dëse Spiller üblech kann een natierlech net alles eleng maachen. Fir verschidden Aufgaben huet ee besser, sech deen een oder anere Kolleeg matzehuelen, wat d'Saach scho méi einfach mécht.

Servertyppen[änneren | Quelltext änneren]

Wann een d'Spill fir d'éischt Kéier auspéckt, muss ee sech fir ee Servertyp entscheeden, op deem ee spille wëll. World of Warcraft bitt véier verschidden Typpe vu Server un. Et gëtt dräi Realmcluster: en amerikaneschen, en asiateschen an en europäeschen, déi sech nieft de Sproochen (an Europa kann op Englesch, Franséisch, Däitsch a Spuenesch gespillt ginn) och duerch hiren Typ ënnerscheeden.

Op engem PvE-Server (Player versus Environment) brauch een net ze fäerten, datt op eemol ee vun der géignerescher Fraktioun opdaucht, an een ëmheet. Fir géint d'Hord op engem PvE-Server unzetrieden, muss een entweeder en Duell fuerderen, oder awer déi dofir ageriichte Schluechtfelder besichen. Fir de Rescht lafen déi zwou Fraktiounen éischter "nieweneneen". Op engem PvP-Server (Player versus Player) lieft et sech do scho méi geféierlech. Déi zwou Fraktiounen hunn zwar hir eege Gebidder wou engem an der Reegel näischt passéiere kann, mä aner Länner an der Welt vun Azeroth ginn als "ëmstridden" ugesinn, an do kann et emol virkommen, datt een net nëmme géint de Computer spillt. En Zousaz zu deenen zwéin Haaptservertyppen sinn d'RP-Server, d'Rollespill-Server, déi et souwuel am PvE wéi am PvP gëtt. Op engem Rollespillserver gëlle méi streng Fairplay-Reegelen, an och d'Ëmgangssprooch an den Numm deen ee sengem Charakter gëtt ginn iwwerwaacht.

Vu Gnomen an Tauren: d'Vëlker[änneren | Quelltext änneren]

De Spiller muss tëscht zwou Fraktioune wielen, der Allianz an der Hord, woubäi him pro Fraktioun véier verschiddene Vëlker an néng verschiddene Klassen zur Verfügung stinn, déi all hir Vir- an Nodeeler hunn. D'Allianz besteet an der klassescher Versioun aus de Mënschen, den Zwergen, de Gnomen an de Nuetselfen. D'Hord deelt sech an Tauren, Orks, Forsaken an Trollen. An der Erweiderung The Burning Crusade si fir d'Allianz d'Draenei a fir d'Hord d'Bluttelfen derbäikomm.

Wann ee sech dann elo vir ee Vollek entscheet huet, huet een, jee no Vollek, d'Wiel tëscht follgende Klassen: Druid, Jeeër, Magier, Hexemeeschter, Déif, Krieger, Schaman, Paladin a Paschtouer. All Klass huet gewësse Spezialitéiten, déi si vun deenen aneren ënnerscheeden, an net all Kombinatioune si méiglech, wat gär mat der Geschicht vun der Warcraft-Rei begrënnt gëtt. Sou hunn d'Nuetselfen zum Beispill eppes géint all Zort vu Magie. Als Konsequenz kann een, wann ee sech en Nuetself eraussicht, keng Magier oder Hexemeeschter spillen.

Donieft gëtt et nach eng Partie aner Vëlker, déi een awer net selwer spille kann, sougenannt NPCs, Non-player characters. Zu dësen zielen d'Goblins, d'Ogeren, d'Héichelfen, d'Murlocs an d'Nagas.

Klassen Mënschen Nuetselfen Gnomen Zwergen Draenei1 Trollen Tauren Orken Forsaken Bluttelfen1
Druid nee jo nee nee nee nee jo nee nee nee
Hexemeeschter jo nee jo nee nee nee nee jo jo jo
Jeeër nee jo nee jo jo jo jo jo nee jo
Krieger jo jo jo jo jo jo jo jo jo nee
Magier jo nee jo nee jo jo nee nee jo jo
Paladin jo nee nee jo jo nee nee nee nee jo
Paschtouer jo jo nee jo jo jo nee nee jo jo
Schaman nee nee nee nee jo jo jo jo nee nee
Déif jo jo jo jo nee jo nee jo jo jo

1: Fir d'Draenei an d'Bluttelfe spillen ze kënnen, muss een allerdéngs d'Erweiderung installéiert hunn.

Beruffer[änneren | Quelltext änneren]

All Spiller huet ausserdeem d'Méiglechkeet, bei spezielle Meeschtere Beruffer ze léieren. Hei gëtt en Ënnerscheed tëscht Haapt- an Nieweberuffer gemaach, a bei den Haaptberuffer ënnerscheet een d'Sammelberuffer, an déi, déi eppes verschaffen - d'Produzenten. Et kann een nëmmen zwéin Haaptberuffer léieren, bei de Nieweberuffer gëtt et keng Restriktiounen. Duerch d'Sammele vu Material oder d'Hirstelle vu Saache gewënnt ee Punkten. Fir verschidde Rezepter kënnen ze léieren, muss een eng gewëssen Zuel vu Punkten hunn, wat och gär "Skill" genannt gëtt. Bei verschiddene Beruffer, wéi dem Schneider oder dem Schmadd, kann ee sech och spezialiséieren (z. B. e Schwäertschmadd), wat engem besonnesch Rezepter abréngt, déi een nëmmen als Spezialist hierstelle kann.

Zu den Haaptberuffer zielen d'Sammelberuffer Kraidersammler, Biergbau a Liedersammler souwéi d'Produzente Schneider, Schmadd, Ingenieur, Liederer an Alchemist. An der Erweiderung kann ee mat spezielle Steng och Juwele bauen. Mat de Sammelberuffer kann ee sech natierlech eng Posch voller Gold verdéngen, andeems een d'Material sammelt, an am Auktiounshaus un d'Produzenten deier verkeeft.

Als Nieweberuffer zielen Éischt Hëllef, Kachen a Fëschen.

Ausserdeem gëtt et nach ee Beruff deen den Déif virbehalen ass: de Gëftmëscher.

Et kann ee seng Haaptberuffer natierlech och wiesselen, allerdéngs verléiert een dann all Rezepter a muss nees bei 0 ufänken.

Gilden[änneren | Quelltext änneren]

An der Welt vu World of Warcraft gëtt och sougenannte Gilden, wou sech d'Leit zesummeschléissen. Dëst ass aus verschiddene Punkte ganz nëtzlech. Engersäits kann een sou meeschtens méi gënschteg u verschidde Ressource kommen, well dat an der Gild dann ënnerdeneen ausgehandelt gëtt, a well ee verschidden Aufgaben net eleng ka maachen, ass et ëmmer gutt eng Grupp ze hunn, op déi ee sech verloosse kann, wann een Hëllef brauch.

Allerdéngs spillen d'Gilde bei World of Warcraft keng sou eng dominant Roll wéi an engem aneren MMORPG, Guild Wars, an deem d'Gilden ënnerenee Konflikter ausdroen. Dëst ass bei World of Warcraft sou net virgesinn.

Éieresystem a Schluechtfelder[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 2005 goufen en Éieresystem, an no an no Schluechtfelder agefouert, déi an der Tëschenzäit nees dacks verännert goufen. Sou ass et fir d'Spiller och méiglech, Éierepunkten ze sammelen, andeems si géint d'géigneresch Fraktioun kämpfen, sief dëst um fräie Feld (virun allem natierlech op PvP-Serveren) oder op de Schluechtfelder. Mat dësen Éierepunkte kann ee sech eng besser Rëschtung leeschten. Dëst ass virun allem fir déi Spiller eng Alternativ, déi net onbedéngt d'Zäit an d'Loscht hunn, de renge PvE-Inhalt ze spillen. Fir déi sougenannt Schluechtfelder (Battlegrounds) mellt ee sech an enger vun den Haaptstied vu senger Fraktioun un, a kënnt dann no enger Waardezäit, déi staark vu Server zu Server variéiere kann, op e Schluechtfeld. An der Warsong Gulch, wou 10 Leit géintenee spillen, geet et drëms, dräi Fändele vun der Géignerfraktioun ze kréien. Am Arathi Bassin, wou 15 Leit géintenee spillen, geet et drëms, wien als éischt 2000 Punkten huet. Dës Punkte kritt een, andeems ee strateegesch Punkten op dësem Schluechtfeld besetzt. Am Alterac Valley kënnt et zu enger Masseschluecht vu 40 Mann, wou et drëms geet, de Chef vun de Géigner (e Computercharakter) ëmzebréngen. An der Erweiderung ass nach e véiert Schluechtfeld derbäikomm, Eye of the Storm, wat eng Mëschung tëscht Warsong Gulch an Arathi Bassin ass, a jeeweils zu 15 Leit pro Fraktioun ka gespillt ginn.

Kommunikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir am Spill mat Aneren ze kommunizéiere gëtt et eng Partie Méiglechkeeten. Sou huet een zum Beispill déi witzeg "Emotes" mat deenen een engem anere Spiller wénke kann, ee begréissen, a jo souguer kolen! Wie gëtt och net schwaach wann eng kleng Gnomefra engem seet et sollt een hir am beschten direkt en alkoholescht Gedrénks spendéieren.

Et kann een dann och ganz normal schreiwen, an dat iwwer verschidden Chatkanäl. Sou bitt World of Warcraft een allgemenge Kanal, een Handelskanal, e Gruppekanal (bis zu fënnef Spiller), e Raidkanal (bis zu véierzeg Spiller) souwéi och nach privat Messagen.

Bei grousse Gilden an deemno och grousse Projeten ass et och üblech, direkt mateneen ze schwätzen, wat gréisstendeels iwwer Programmer wéi Teamspeak oder Ventrilo leeft. Wann ee 40 Leit koordinéiere muss, geet dat dach dacks méi séier, wéi wa jiddwereen emol ufänkt mat schreiwen. Dës Programmer ginn op renge Rollespillserveren net sou dacks benotzt, well hei méi Wäert drop geluecht gëtt, ganz seng Roll ze spillen, mat den technesche Mëttelen, déi d'Spill selwer ze bidden huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: World of Warcraft – Biller, Videoen oder Audiodateien