Pobiti Kamani

Vu Wikipedia

Pobiti Kamani (Bulgaresch: Побити камъни; iwwersat: "An de Buedem gestache Steng") ass e wüstenänlecht Areal vun enger 8 op 3 km. Bekannt ass et besonnesch duerch Stengformatiounen, déi natierlech entstane sinn, mä ausgesinn, wéi wann et vu Mënsche geschafe Saile wielren. Dës si virun allem a verschiddene Gruppe beieneen, op enger Fläch vu 7 km², 1 Kilometer ëstlich vun Dewnja an 18 km westlech vu Warna, ze fannen.

Well se och e bësse wéi verstengert Beem ausgesinn, gi se och alt Stengene Bësch genannt.

Déi gréisst 'Grupp' ass déi sougenannt Diklitasch-Grupp (bulg. Дикили Таш), mat iwwer 300 stenge Sailen op enger laanger, schmueler, 850 mol 120 m grousser Sträif.

D'stenge Sailen[änneren | Quelltext änneren]

Bei dëse Sailen handelt et sech ëm e sielent Naturphenomeen. Si sinn eng 5 bis 7 m héich (eenzeler och alt bis zu 10 m) an tëscht 30 cm an 3 m déck. Verschiddener sinn an 2 oder méi Deeler gebrach, ma sti soss riicht, eenzel oder zu méi, an der Landschaft, wéi wann ee se dohi gesat hätt. Ënner dem Buedem gëtt et nach weider Sailen, déi net fräigeluecht sinn.

D'Sailen si viru ronn 50 Millioune Joer ënner dem Mieresbuedem entstanen. Si goufen dann duerch tektonesch Hiewungen an Erosioun fräigeluecht.

A fréieren Zäite waren s'eng Kultplaz. Zanter 1937 si se national geschützt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pobiti Kamani – Biller, Videoen oder Audiodateien