Pompjeesmusée Senneng
Ausgesinn
|
De Pompjeesmusée zu Senneng an der aler Molkerei | |
| Typ | Musée |
|---|---|
| Lokalisatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Plaz | Senneng |
| Koordinaten | 49°38'46,26"N, 6°14'18,14"O |
| Gestioun | |
| Visiteuren/Joer | |
| Gebai | |
| Kollektioun | |
| Exponater | |
|
| |
De Pompjeesmusée Senneng (och: Ale Pompjeesschapp Senneng) ass e Musée zu Senneng, an deem ee sech iwwer d'Aktivitéite ronderëm d'Pompjeeën informéiere kann.
E gouf den 28. Juni 2017 opgemaach. D'Gebai ass eng fréier Molkerei op N°38, rue du Château, déi eng Zäitchen als Pompjeesbau gebraucht gouf. Dono gouf d'Gebai de Sëtz vum Fëscherveräin Neibaach, ier et fir den aktuellen Zweck vun der Gemeng Nidderaanwen amenagéiert gouf.[1]
D'Ausstellungstécker ware vun de fréiere Pompjeeskommandante vun Ueweraanwen, Pierre Rach a Gilbert Sauber, gesammelt an zesummegestallt ginn.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Pompjeesmusée Senneng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Feuerwehrmuseum "Ale Pompjeesschapp Sennéng" offiziell eingeweiht. wort.lu, 30. Juni 2017.
- ↑ "Mit Blaulicht und Co." wort.lu, 25. November 2017.
