Pompon

Vu Wikipedia
E Matrous mat engem Pompon op senger Kap.

E Pompon ass eng Bommel aus Woll, déi ee meeschtens op Mutzen, Kapen, oder soss Gezei als Dekoratioun fënnt.

E Pompon mécht een, andeems een zwéin identesch Réng aus Kartong schneit, déi widderenee leet, an dann e Wollfuedem vun alle Säite vu bannen no bausse ronderëmwéckelt, bis an der Mëtt keng Plaz méi ass. Da schneit een d'Woll laanscht de Bord vun de Réng op a wéckelt e Fuedem tëscht déi zwéi Réng a verknuet déi lasse Wutzen, ier een de Kartong ewechrappt. Um Enn ginn d'Wutze vun der Woll zu enger Bull a Form geschnidden.

Besonnesch an den USA, zanter den 2000er Joren och zu Lëtzebuerg, gi méi grouss Pomponen (aus blénkegen dënne Plastikssträifen) vu sougenannten Cheerleaderen (och pom pom girls genannt) gebraucht, d. h. jonken Dammen, déi zu hirer méi um Bord vum Sportsfeld kleng Danznummeroe maachen a mat de Pomponen ronderëmwéitschen, fir d'Publikum z'animéieren.