Pont Gramme

Vu Wikipedia

De Pont Gramme ass eng Dunnebréck fir Autoen zu Léck am Quartier Fétinne iwwer d'Ourthe just um Zesummefloss vun dëser mat der Meuse. Si läit e bëssleche méi déif wéi de Pont de Fétinne an huet als éischte Noper de Pont de Fragnée. Si mécht Verbindung tëscht dem Quai Gloesener an dem Quai Mativa a si dréit d'Nationale 90.

Den Numm krut d'Bréck als Erënnerung un de belschen Erfinder Zénobe Théophile Gramme.

De Pont Gramme vum Pont de Fétinne aus gesinn.