Pont de Fétinne

Vu Wikipedia
Pont de Fétinne
De Pont de Fetinne vum lénksen Uwänner gesinn
Geographie
Land Belsch
Plaz Léck
Koordinaten 50° 37’ 18’’ N
      05° 34’ 54’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Ourthe
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Boubréck
Felder/Béi 1
Material Stol
Bemierkungen
Opgaangen 1904

De Pont de Fétinne ass eng Bréck iwwer d'Ourthe zu Léck. Si stéisst un de Pont de Fragnée deen iwwer d'Meuse geet. Si läit e puer honnert Meter virun der Mëndung vun der Ourthe an d'Meuse an tëscht dem Pont Gramme an dem Pont de Namur.

D'Bréck gouf tëscht 1901 an 1904, am Kader vun der Universalausstellung zu Léck, gebaut.

Et ass eng stole Boubréck déi aus zesummegenitte Fachwierkträgere besteet. Widderlageren an d'Schlass hu Gelenker fir Beweegunge vun der Bréck ze kompenséieren.

De 14. Mäerz 1994 gouf de Pont de Fétinne als Monument an d'Liste des biens classés de la Province de Liège opgeholl, zesumme mat dem Square Gramme, an dem Pont de Fragnée.

Nopeschbrécken[änneren | Quelltext änneren]

Detail vum Schlass
Detail vun engem Träger
Mëttelstéck
Rietst Widderlager