Pont Jacques-Gabriel

Vu Wikipedia
Pont Jacques-Gabriel
Geographie
Koordinaten 47° 35’ 07’’ N
      01° 20’ 15’’ O

D'Jacques-Gabriel-Bréck (Pont Jacques-Gabriel) ass eng Bréck iwwer d' Loire zu Blois, am Departement Loir-et-Cher. Si verbënnt den Zentrum vun der Stad mat der Avenue Wilson um südlechen Uwänner vun der Loire, an ass weiderhin e wichtegen Iwwergang iwwer de Floss zu Blois.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Pont Jacques-Gabriel ass eng stenge Boubréck, déi 283 m laang a 15 m breet ass. Si huet 11 Ronnbéi, déi eng ënnerschidlech Spanwäit hunn. De gréisste vun de Béi, deen an der Mëtt, huet eng vun 26,30 m. Och d'Peiler sinn ënnerschiddlech déck, tëscht 4,85 m a 6,82 m. Den Tablier huet deemno och säin héchste Punkt um mëttelse Bou, wou och e 14,6 m héijen Obelisk steet.

D'Nationalstrooss 156 geet iwwer dës Bréck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems déi mëttelalterlech Bréck 1716 zerstéiert gi war, hunn d'Aarbechten fir de Bau vun der haiteger Bréck ënner dem Louis XIV. sengem Architekt Jacques Gabriel ugefaangen. 1724 waren se fäerdeg. Et ass déi lescht Loire-Bréck, déi zu der Mëtt hin däitlech biergop geet; déi méi spéit gebaute goufe méiglechst flaach gehalen.

Am Laf vun der Geschicht gouf deen een oder anere Bou zerstéiert an nees opgebaut, fir d'Lescht am Laf vum Zweete Weltkrich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont Jacques-Gabriel (Blois) – Biller, Videoen oder Audiodateien