Pont d'Artigue

Vu Wikipedia
Pont d'Artigue
Geographie
Land Frankräich
Plaz Larressingle
Beaumont
Koordinaten 43° 56’ 01’’ N
      00° 18’ 18.36’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Osse
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 29 m
Felder/Béi 4 Béi mat verschidde Breeten
Material Hasteng
Bemierkungen
Opgaangen 15. Joerhonnert
Renovéiert 1724

De Pont d'Artigue och ënner dem Nimm Pont d'Artigues a Pont de Lartigue ze fannen, ass eng Bréck am Departement Gers iwwer de klenge Floss Floss tëscht de Gemenge Larressingle a Beaumont.

D'Bréck gëtt fir d'éischt an Dokumenter vu 1432 ernimmt. Et war e wichtige Passage vum der Via Podiensis iwwer d'Osse. D'Bréck déi ëm 1720 bal nëmmen nach eng Ruin war, gouf 1724, well se wichteg fir de regionale Vekéier war op Uerder vum Kinnek komplett restauréiert. Tëscht 1954 an 1957 gouf nach eng Kéier dru geschafft, haaptsächlech fir d'Balustraden an d'Rei ze setzen.

De 26. Juni 2017 gouf s'op d'Lëscht vun den historesche Monumenter gesat[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ministère de la Culture Base Mérimée