Pont de Lhonneux (1895)

Vu Wikipedia
Pont de Lhonneux
Geographie
Land Belsch
Plaz Chênée
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Fuerspueren 1 + 2 Trëttoiren
Féiert iwwer Vesdre
Technesch Detailer
Totallängt 37,20 m
Längt tëscht Widderlager 36,60 m
Felder/Béi 1
Breet 5,60 m
(tëscht den Dunnen)
Material Eisen
Bemierkungen
Opgaangen 29. September 1895
Ofgerappt Oktober 1979
Ersat vun Bréck vun 1979
Entreprener Société Auguste Ghislain

De Pont de Lhonneux war eng Stroossebréck iwwer d'Vesdre zu Chênée an der Provënz Léck an der Belsch. Et war eng Fachwierkbréck vum Typ Pratt. Si huet am Bau der Bréck vu Chinet iwwer den Hoyoux geglach, déi een haut nach ka gesinn.

Si gouf 1979 ewechgerappt fir mat enger méi breeder Bréck aus arméiertem Bëtong ersat ze ginn.