Ponte Vecchio

Vu Wikipedia
Ponte Vecchio
De Ponte Vecchio
Geographie
Land Italien
Régioun Toskana
Stad Florenz
Geographesch Lag 43° 46’ 05’’ N
      11° 15’ 11’’ O
Funktioun
Féiert iwwer Arno
Ass eng Foussgängerzon mat Geschäfter
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck mat 3 Béi
Spanwäit / Béi 27 m - 30 m - 27 m
Bau
Archtitekten &
Ingenieuren
Neri di Fioravante an
Taddeo Gaddi
Baujoer 1335 - 1345
Kategorien
Brécken an Italien Boubrécken

De Ponte Vecchio ("Al Bréck") ass déi eelst Bréck iwwer den Arno an der italieenescher Stad Florenz. Et ass och eng vun den eelste Segmentboubrécken op der Welt.

Schonn zu der Zäit vun den Etrusker gouf et op där Plaz eng Bréck. Wéi 1333 eng hëlze Bréck duerch en Héichwaasser zerstéiert gi war, gouf bannent zwielef Joer déi haiteg Bréck aus Steng opgeriicht. Zanter 1345 gëtt et laanscht déi ganz zwou Säite vun der Bréck kleng Butteker, déi hir Entrée op der Bréck hunn, an no hannenaus eng Zort Balkon, deen iwwer d'Bréck eraushänkt. Just an der Mëtt ass d'Vue op den Arno fräi; do steet eng Büst vum Benvenuto Cellini.

Ënner dem Cosimo I. de Medici gouf 1565 vum Giorgio Vasari e Passage iwwer de Geschäfter gebaut, de sougenannte Vasarikorridor, deen de Palazzo Vecchio mam Palazzo Pitti verbënnt.

Ursprénglech waren op der Bréck virun allem Gierwer a Metzler, déi d'Waasser vum Floss gebraucht hunn, fir hir Hait ze wäschen, resp. als Egout. 1565 goufe se duerch en Dekreet vum Cosimo I. mat Goldschmatten ersat. Nach haut sinn a ville Butteker op der Bréck Bijoutieren.

Panorama vu Westen aus

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flanigan, Theresa: The Ponte Vecchio and the Art of Urban Planning in Late Medieval Florence, Gesta 47 (2008): 1-15.
  • Dora Liscia Bemporad (Hrsg.): Un ponte dalle botteghe d'oro. Le botteghe degli orafi sul Ponte Vecchio. Quattro secoli di storia. Montemayor, Florenz 1993.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ponte Vecchio – Biller, Videoen oder Audiodateien