Portal Astronomie/Aktuelles (Archiv 2011)

Vu Wikipedia
  • 30. Dezember 2011: Europäesch an US-amerikanesch Astronomen hunn am Tarantelniwwel vun der Grousser Magellanescher Wollek e Stär entdeckt, dee sech a senger Equatorregioun mat der Rekordvitesse vu mindestens 600 km/s dréit. [1]
  • D'Wantersonnewend ass den 22. Dezember 2011 um 6.30 Auer MEZ. Dann erreecht d'Sonn hir järlech südlechst Deklinatioun. Gläichzäiteg ass d'Nuecht vum 21./22. Dezember déi längst an dësem Joer.
  • Den C/2011 W3 (Lovejoy) ass e periodesche Koméit, deen Enn November 2011 vum Terry Lovejoy an Australien entdeckt gouf. De Koméit gehéiert zu der sougenannter Kreutz-Grupp. Astronomen huelen un, datt dëse Koméit de 15. Dezember 2011, also een Dag viru sengem Perihel, sou hell ka ginn, datt e mat bloussem A ze gesinn ass.
  • 14. Dezember 2011: De Meteorstroum vun de Geminiden ass haut am Maximum.