Porte Saint-Léonard

Vu Wikipedia
D'Porte Saint-Léonard

D'Porte Saint-Léonard war eng Stadpaart zu Léck déi an den ale Festungsmaueren, déi den Notger gebaut hat, an de Joren 1198 - 1214 bäigebaut gouf.

Wéi spéider net gutt ofgeséchert Plazen an der Verdeedegungslinn ausgebaut goufen, koum 1541 bei der Paart eng italieenesch Bastioun derbäi, déi och nach mat engem Gruef verstäerk gouf.

D'Paart selwer gouf komplett restauréiert an dekoréiert. Et goufe Sailen an der Fassad derbäigesat, iwwer deenen en Acrotère gebaut gouf, op deem Wopen als Dekoratioun ubruecht goufen.

Vu 1738 un hunn d'Gebaier ëm d'Paart als Prisong funktionéiert, an 1851 gouf alles ewechgerappt fir engem neie Prisong Plaz ze maachen.

D'Paart stoung am Ufank vun der haiteger Rue Saint-Léonard a Richtung Herstal op der Plaz, op där haut de Rond-Point vun der Place des Déportés ass.