Porte de fer (Namouer)

Vu Wikipedia

D'Porte de fer zu Namouer war eng Festungspaart vun der Festung vun Namouer.

Eng éischt Paart gouf 1388 an der zweeter Rankmauer vun Namouer opgeriicht. Se huet deemools Porte Samson geheescht.

200 Joer méi spéit, ëm 1600, koume schwéier eisen Dieren an d'Lach an et ass warscheinlech datt se vun vun do un Porte de fer genannt gouf. Et ass nämlech net sécher op d'Rue de Fer hir den Numm ginn huet oder ëmgedréint. Déi Strooss huet virdrun Curvirûe oder Charlirûe geheescht well an där Strooss sech en ettlech Woner an Houfschmid installéiert haten.

Wat bekannt ass, dat ass datt Eisen, dat an dem Dall vum Bocq a vun der Molignée exploitéiert gouf an iwwer d'Meuse op Namouer koum, an der Rue de Fer verschafft gouf.

Am Summer 1862 gouf ugefaangen d'Paart ofzerappen an den 29. September dat selwecht Joer goufen d'Faldier an d'Hiefbréck ofmontéiert.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Dejollier René, Rues de Namur, Éditions Erasme, 1990.