Portugisesch Legioun

Vu Wikipedia
Portrait vun engem Reider vun der Portugisescher Legioun 1808.

D'Portugisesch Legioun war eng Arméistrupp vun der Grande Armée déi vun 1808 bis 1815 bei alle grousse Feldzich vum Napoléon mat derbäi war.

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Generol Junot 1807 de Portugal besat hat, huet den Napoleon den 22. Dezember decidéiert déi ganz portugisesch Arméi opzeléisen, a souvill wéi méiglech vun hiren Zaldoten a Frankräich ze huelen, fir sou wéi hie sot:"d'en débarrasser le pays". D'Portugisesch Legioun war geduecht fir all déi Zaldoten um franséischen Territoire ze regruppéieren.

Regimenter[änneren | Quelltext änneren]

Et war virgesinn fir déi 24 portugisesch Infantrieregiment op 6 ze reduzéieren, an d'Kavalerie sollt vun 12 op 3 Regimenter erofgoen. De 16. Dezember 1808 goufen an engem keeserlechen Dekreet d'Organisatioun an d'Zesummesetzung vun der Portugisescher Legioun festgehalen. Den Text gesouch fir datt sollten dräi Infantrieregimenter, déi sou séier wéi méiglech met zwee weideren an engem Batatailloun Jeeër zu Fouss opgestackt sollte ginn. Dobäi koumen dräi Kavalleriesregimenter an eng Schwadroun Jëeër zu Päerd. E puer Méint méi spéit den 18. Mee 1808 huet neien Text festgehalen datt et sollte 6 Infantries- an 2 Kanalleriesregimenter sollt ginn. De portugisesche Modell fir d'Artillerie an de Genie sollte bäibehale ginn. De Marquis vun Alorna hat d'Missioun fir déi Aktioun durchzezéien, mä well hie sech aus Zäitmangel net ëm alles selwer konnt bekëmmeren, huet de Junot him Offizéier zougedeelt, déi als Haaptuleies d'Ofsetze vu wichtegen Offizéier haten.

Kommandanten[änneren | Quelltext änneren]

Feldzich[änneren | Quelltext änneren]

Um Wee fir a Frankräich huet eng Parti vun den Zaldote vum 5. Regiment vun de Jeeër zu Fouss bei der Belagerung vu Saragossa matgekricht. Duerno goufen d'Fousstruppen zu Grenobel stationéiert an d'Kavallerie an der Garnisoun vu Gray.

Am Mee 1811 war nees eng Reorganisatioun fälleg an et blouwen dräi Infantriesregimenter (1 zu Toul an 2 zu Grenobel) an ee Kavalleriesregiment Rescht. Se stoungen ënner dem Kommando vum Colonel de Loulé.

Detail vun de Regimenter[änneren | Quelltext änneren]

1.Infantriesregiment[änneren | Quelltext änneren]

  • 1808: Grënnung vum Regiment
  • 1811: Reorganisatioun
  • 1813: Opléisung

Kommandanten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1808: Colonel Joachim dAlbuqerque de Saldanha
  • 1812: Colonel Francisco António Freire Pego
  • 1813: Colonel François-Louis Triniti

Schluechten[änneren | Quelltext änneren]