Prënz-Albert-Piercing

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Prënz-Albert-Piercing

De Prënz-Albert-Piercing ass e Piercing a Form vun engem Rank, dat an der Héicht vum ënneschte Bord vun der Eechel gesat gëtt.

Beim Prënz-Albert-Piercing geet de Rank, dat meeschtens e Ball Closure Rank ass, duerch déi ënnescht Penishaut. Bei Fraen entsprécht et dem Prinzessin-Albertina-Piercing.

Am grousse Ganze gëtt de PA vu Männer mat beschniddenem Penis gedroen. En ass awer och bei net beschniddenem Penis méiglech.

D'Origine vun dësem Piercing ass onbekannt. Vill Theorië soen, datt de PA ursprénglech manner eng sexuell oder kulturell Funktioun hat, mä gebraucht gouf fir de Penis op eng gewësse Manéier ze sécheren. An déi Richtung geet och de Doug Malloy, deen an de fréien 1970er Joren d'Geschicht verbreet huet, de Prënz Albert, Mann vun der brittescher Kinnigin Viktoria, hätt dee Piercing dee säin Numm dréit erfonnt, entweeder fir mam Rank d'Virhaut vun der Eechel zeréckzehalen a sou ze verhënneren datt sech dorënner Smegma bilde kann, oder en hätt de Rank um Boxeknapp festgemaach fir de Penis beim Reiden an enger manner onangeneemer Positioun ze halen. Et gëtt awer keng historesch Beweiser fir déi Aussoen, soudatt et sech duerchaus just ëm eng modern Seechen handele kann, déi de Malloy an d'Welt gesat huet fir sech ëm d'gesellschaftlech Unerkennung vu Bodypiercingen an den USA anzesetzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prince Albert piercings – Biller, Videoen oder Audiodateien