Victoria vum Vereenegte Kinnekräich

Vu Wikipedia
Victoria vum Vereenegte Kinnekräich
Gebuertsnumm Princess Alexandrina Victoria of Kent
Gebuer 24. Mee 1819
Gestuerwen 22. Januar 1901
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Monarch
Member vun Royal Society
Famill
Kanner Edward VII.
D'Kinnigin Victoria 1887, um Dag vun hirem 50. Anniversaire um Troun.
Wope vun der Kinnigin Victoria

D'Victoria (mam ganzen Numm Alexandrina Victoria), gebuer de 24. Mee 1819 am Kensington Palace, zu London a gestuerwen den 22. Januar 1901 am Osborne House, op der Isle of Wight, war vun 1837 bis 1901 Kinnigin vum Kinnekräich vu Groussbritannien an Irland a war ausserdeem zënter dem 1. Januar 1877 déi éischt brittesch Monarchin mam Titel Empress of India (Keeserin vun Indien). Si war d'Duechter vum Edward Augustus, Duke of Kent and Strathearn an der Victoire vu Sachsen-Coburg-Saalfeld.

Als konstitutionell Monarchin war si pro forma Herrscherin iwwer méi wéi ee Fënneftel vun der Äerd an engem Drëttel vun der Weltbevëlkerung. Wärend hirer Regierungszäit hunn d'Upper Class an d'Middle Class a Groussbritannien en Opschwonk kannt, deen et sou bis ewell ni gi war, an de British Empire stoung um Héichpunkt vu senger Muecht. Si hat eng enk Bezéiung zu hirem Mann a Cousin, dem Prënz Albert an huet sech, do deem sengem Doud 1861, bal ganz aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn, a bis un d'Enn vun hirem Liewen Trauergezei gedroen.

Si huet 63 Joer 7 Méint regéiert, méi laang wéi all anere brittesche Monarch virun hir. Wéinst hire sëllege Kanner (9) a Kandskanner (44), déi an den Adelshaiser doruechter bestuet waren, gëtt si alt d'"Groussmamm vun Europa" genannt.

Wéinst hirer laanger Regence gouf d'Viktorianesch Ära no hir genannt.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

D'Victoria an den Albert haten néng Kanner:

⚭ 1858 Friedrich III., Däitsche Keeser a Kinnek vu Preisen
  • Albert Eduard („Bertie“) (* 9. November 1841; † 6. Mee 1910), Prince of Wales, als Eduard VII. Kinnek vu Groussbritannien an Irland a Keeser vun Indien
⚭ 1863 Prinzessin Alexandra vun Dänemark
  • Alice (* 25. Abrëll 1843; † 14. Dezember 1878)
⚭ 1862 Groussherzog Ludwig IV. vun Hessen
  • Alfred („Affie“) (* 6. August 1844; † 31. Juli 1900), Duke of Edinburgh a regéierenden Herzog vu Sachsen-Coburg-Gotha
⚭ 1874 Groussfürstin Maria vu Russland
  • Helena („Lenchen“) (* 25. Mee 1846; † 6. Juni 1923)
⚭ 1866 Prënz Christian vu Schleswig-Holstein-Sonderburg-Augustenburg
  • Louise (* 18. Mäerz 1848; † 3. Dezember 1939)
⚭ 1871 John Campbell, 9. Duke of Argyll
⚭ 1879 Prinzessin Luise Margarete vu Preisen
⚭ 1882 Prinzessin Helene zu Waldeck und Pyrmont
  • Beatrice (* 14. Abrëll 1857; † 16. Oktober 1944)
⚭ 1885 Prënz Heinrich von Battenberg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl-Heinz Wocker: Königin Victoria. Die Geschichte eines Zeitalters. Heyne, München 1989, ISBN 3-453-55072-2.
  • Stanley Weintraub: Queen Victoria. Benziger Verlag, Solothurn und Düsseldorf 1994, ISBN 3-545-34070-8.
  • Herbert Tingsten: Königin Viktoria und ihre Zeit. Diederichs, München 1997, ISBN 3-424-01360-9.
  • Jürgen Lotz: Victoria. Rowohlt Verlag, Reinbek 2000, ISBN 3-499-50627-0.
  • Kurt Tetzeli von Rosador: Queen Victoria. Ein biographisches Lesebuch. Hrsg. Kurt Tetzeli v. Rosador & Arndt Mersmann. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 2000, ISBN 3-423-12846-1.
  • Carolly Erickson: Königin Victoria. Eine Biographie. Piper, München 2001, ISBN 3-492-23286-8.
  • Karina Urbach: Queen Victoria. Eine Biografie. Verlag C. H. Beck, München 2011, ISBN 978-3-406-58788-7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victoria of the United Kingdom – Biller, Videoen oder Audiodateien