Premier Empire
Ausgesinn
De Premier Empire (Éischt Keeserräich) war de Regimm dee vum Napoleon Bonaparte a Frankräich agefouert gouf, fir de Consulat z'ersetzen. D'Keeserräich huet vum 18. Mee 1804[1] bis zum Abrëll 1814[2] gedauert. Nom Napoléon gouf d'Bourbonendynastie nees restauréiert, a gouf nëmmen duerch déi kuerz Episod vun de Cents-Jours vum 20. Mäerz bis 22. Juni 1815 ënnerbrach.
De Referendum vum 6. November 1804 huet de Passage zum Premier Empire legitiméiert. Den Napoleon Bonaparte huet sech den 2. Dezember 1804 an der Kathedral Notre-Dame zum Keeser ënner dem Titel Napoléon I. gekréint.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Premier Empire – Biller, Videoen oder Audiodateien |