Prince de Liège

Vu Wikipedia

Den Titel Prince de Liége[1] hat den Albert II. vu sengem Papp dem Kinnek Leopold III. krut.

Mat deem Titel deen der Stad Léck e Prënz vermaach huet, sollt un dat fréiert Fürstentum Léck, mat senge Prënz-Bescheef erënnert ginn, mä awer och fir d'Stad geéiert ginn, wéinst hirer erbatterter Verdeedegung géint d'Preisen am August 1914, déi et méiglech gemaach hat, datt d'Fransouse sech besser konnten op déi preisesch Invasioun virbereeden.

Vum 9. August 1993 un, wéi hie Kinnek vun de Belsch gouf, huet hien den Titel net méi gedroen. Seng Fra d'Kinnigin Paola war vun hirem Bestietnes mam Albert bis zum Ament wéi e Kinnek gouf Princesse de Liège.

Wéinst de Streidereien vun de verschiddene belsche Communautéiten huet de Kinnek Albert II. 2001 decidéiert kengem Member vun der Kinneksfamill méi ee vun de fréieren Titelen, wéi Prince de Liége, Comte de Flandre a Comte de Hainaut ze ginn.

  1. Cf. Arêté Royal vum 7. Juni 1934