Lumières de la presse internationale

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Prix Lumières)

D'Lumières de la presse internationale, fréier och bekannt als Prix Lumières, sinn e franséische Filmpräis.

Si ginn zënter 1996 zu Präis vun der Académie des Lumières de la presse internationale verdeelt, an där Korrespondente vun der internationaler Press zu Präis vertruede sinn. All Joer wielen iwwer 120 international Korrespondent aus iwwer 60 Länner déi bescht Leeschtunge vun der franséischer Filmindustrie vum Joer virdrun aus. De Präis gëllt als de franséische Pendant zu den US-amerikanesche Golden Globes, déi op déi selwecht Manéier ausgewielt ginn.

D'Präisskulptur, "le lumière" genannt, ass e Band, dat eng Flam duerstellt an an deem senger Mëtte e klengen Eiffeltuerm steet, wéi d'Wick vun enger Käerz. Am Flameband selwer si Lächer an de Schrëftzug "Lumières" agestanzt, wat un e Filmband an u Kinoleindwänn erënnere soll.[1]

Linken[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lumières de la presse internationale – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. academiedeslumieres.com: La trophée (gekuckt den 21. November 2021)