ProScience

Vu Wikipedia

ProScience ass e lëtzebuergesche Groupement fir d'Promotioun vun de Wëssenschaften a besteet aus den Haaptinstitutiounen a Veräiner déi sech mat Fuerschung a Sensibiliséiere fir d'Wëssenschaften zu Lëtzebuerg ofginn.

ProScience gouf 2007 op Initiativ vum nationale Fuerschungsfong gegrënnt. Dëse Reseau huet sech als Haaptzil gesat, déi villsäiteg Aktivitéiten, déi d'Wëssenschaftskultur fërderen, fir de Publikum besser siichtbar ze maachen. D'Vertrieder vu ProScience wëllen de Kontakt mat de Jugendlechen erhalen, hinnen op si zougeschnidden Aktivitéiten ubidde fir hiren Interessi un d'Wëssenschaften ze steigeren a si eventuell fir d'Ergräife vun engem wëssenschaftleche Beruff ze begeeschteren.

D'Organisatioun vun der Researchers' Night 2008 war ee vun den éischte gréissere Projete vum Groupement.

Den Ament[Wéini ?] regruppéiert ProScience follgend Institutiounen a Veräiner:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]