Projets interactifs scientifiques
Ausgesinn
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Projets interactifs scientifiques | |
|---|---|
| Ofkierzung | PInS |
| Sëtz | Lëtzebuerg |
| 138, bd de la Pétrusse | |
| President | Jan Koep[1] |
| RCS | F7922 |
| Websäit | https://www.pins.lu/ |
|
| |
Projets interactifs scientifiques, ofgekierzt PInS, op Englesch Interactive Science Projects[2], ass e Veräin ouni Gewënnzweck, dee wëssenschaftlech Aktivitéite fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener proposéiert. De Veräi mat Sëtz zu Béiweng gouf de 15. Februar 2009 gegrënnt.
Zil vu PInS ass d'Promotioun vun der wëssenschaftlecher Kultur duerch Initiative wéi beispillsweis:
- pedagogesch oder spilleresch wëssenschaftlech Projeten wéi Atelieren, Science-Campen a Showen;
- Weiderbildung fir wëssenschaftlech Animatiounen;
- Grënne vun engem interaktive Raum fir d'Wëssenschaften;
- Konferenzen an ëffentlech Diskussiounen;
- Studiereesen.
PInS ass Partner vum Naturmusée am Kader vum Science Club; fir déi meescht Aktivitéiten lafen Umeldungen iwwer de Science Club.
