Provënz Santa Cruz (Argentinien)

Vu Wikipedia

Santa Cruz ass eng vun de Provënzen am argentineschen Deel vu Patagonien. Si gouf nom Floss Santa Cruz genannt, deen aus dem Lago Argentino erausleeft an an den Atlantik leeft. Am Norden ass déi schnouerriicht Grenz mat der Provënz Chubut, am Oste grenzt Santa Cruz un den Atlantik. Am Westen an am Süden läit Chile. Et ass déi zweetgréisst Provënz vum Land no Buenos Aires.

Den Dall vum Río Pinturas bei Perito Moreno

D'Landschaft ass typesch fir Patagonien. Am Weste maachen d'Anden d'Grenz. A Richtung Oste kënnt eng Kette vu Gletscherfelder a Séien, déi virdru leien, a vun deenen de gréissten de Lago Argentino ass. De gréissten Deel vun der Provënz ass awer dat dréchent Schichtstufeland vun der patagonescher Meseta, déi bis bei den Atlantik eriwwergeet.

Santa Cruz ass déi Provënz vun Argentinien, wou d'Bevëlkerungsdicht am klengsten ass. Déi meescht Leit wunnen an de Stied, a ville Géigende wunnt keen. Am Weste ginn et vereenzelt Reservater, wou déi autochton Bevëlkerung vu Patagonien, d'Tehuelchevollek wunnt, vun deenen et der awer ëmmer manner gëtt.

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt just e puer grouss Stied, resp. Uertschaften an der Provënz Santa Cruz:

Departementer[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënz Santa Cruz ass a siwen Departementer (Departamentos) agedeelt:

Departamento Haptstad Fläch a km² Awunner
Corpen Aike Puerto Santa Cruz 26.350 7.942
Deseado Puerto Deseado 63.784 72.953
Güer Aike Río Gallegos 33.841 92.878
Lago Argentino El Calafate 37.292 7.500
Lago Buenos Aires Perito Moreno 28.609 6.223
Magallanes Puerto San Julián 19.805 6.536
Río Chico Gobernador Gregores 34.262 2.926

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Haaptaktivitéit ass d'Véizuucht, sou wéi d'Exploitatioun vu Pëtrol an Äerdgas. Dobäi kommen d'Fëscherei, an am Süden d'Kuelegrouwen an den Tourismus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]