Op den Inhalt sprangen

Prunelli (Floss)

Vu Wikipedia
Prunelli
Längt 44,3 km
Fläch vum Anzuchsgebitt 276 km²
Leeft an Mëttelmier

De Prunelli ass e Küstestroum am Departement Corse-du-Sud, deen an d'Mëttelmier leeft.

De Prunelli huet seng Quell am Séi vu Vitalacca op enger Héicht vu 1.750 Meter an no engem Laf vu ronn 44 km leeft en am Golf vun Ajaccio an d'Mier.

Ronn 200 Meter éier de Prunelli an d'Mier leeft, kritt en nach d'Waasser vun der Gravona derbäi. Deen Zesummelaf ass tëscht dem Fluchhafe vun Ajaccio an dem Genuesertuerm vu Capitello.

De Prunelli virun der Entrée an d'Schluchten
 Commons: Prunelli (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien