Puszta

Vu Wikipedia
Ungaresch Groranner
Puszta:Tableau vum MARKÓ, Károly den Eeleren (1853 gemoolt)
Puszta-Musikant

D'Puszta (heiansdo och Pussta geschriwwen) ass eng typesch ungaresch Landschaft, déi flächeméisseg de gréissten Deel vum Land anhëllt. D'Puszta ass eng Stepp mat wéineg Beem, enger dënn geséinter Vegetatioun an engem kontinentale Klima. D'Puszta ass fréier als Landschaft mat vill Sand charakteriséiert ginn, an där et bal nëmme Weedland gouf. Well awer a leschter Zäit grouss Ustrengunge gemaach si ginn, fir och aner Kulturen z'ëntwéckelen, gesäit haut d'Puszta net méi sou trist aus wéi fréier. Well de Grondwaasserspigel dogéint héich ass, gëtt et vill typesch Pëtzer, déi een ëmmer erëm op Biller gesäit (op Däitsch: Ziehbrunnen), duerch déi d'Bewässerung vum Buedem erliichtert gëtt.

Musek an aner Bräich[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ungaresch Zigeinermusek.

D'Puszta huet seng eege Kultur a Bräich. Faarweg gekleet Dänzer a Museker zéien do nach vun Duerf zu Duerf. Duerch säi Folklore ass d'Puszta haut zu enger grousser Attraktioun fir d'Touriste ginn.

Fotoen aus der Puszta[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Puszta – Biller, Videoen oder Audiodateien