Ungaresch Zigeinermusek

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pusztas-Dänzer
Aner Museksgrupp an der Puszta
Pusztaartist

Typesch Ungaresch Zigeinermusek kritt een an der Puszta ze héieren, virun allem an der Géigend vum Balaton-Séi (Platteséi). Si gëtt vu Museksgruppen, Männer a Fraen, a faarwefreedegen Truechte gespillt.
Wat dacks als Ungaresch Zigeinermusek bezeechent gëtt, bezitt sech op verschidde Musekgenren, bei deene meeschtens Zigeiner an iergendenger Form matwierken:

  • Als éischt wieren déi sougenannt Csárdás (och Csardas, Aussprooch "Tschardasch") z'ernimmen. D'Wuert bedeit eng ungaresch Taverne um Land. Csárdás ass en ungaresche Volleksdanz. Op e luese pathetesche Kreesdanz vu Männer, a Mineur gespillt, follegt e wëllen, feieregen Danz vu Koppelen a Majeur. Den Ursprong vun den Csárdás gëtt vu verschidde Musekshistoriker op d'Verbunkos (Werbung oder Publicitéit) zeréckgefouert. Zigeinerkapellen hunn nämlech am 18. Joerhonnert mat engem Danz fir de Recrutement vun Zaldote fir d'Arméi vun den Habsburger Publicitéit gemaach.
  • De gëtt et déi eigentlech Zigeinermusek, déi vun Zigeiner gespillt gëtt.
  • Vum Begrëff Zigeinermusek ass d'ungarescht Vollekslidd ofgeleed. De Béla Bartók (1881-1945), e bekannten ungaresche Komponist, huet vill zur Erfuerschung vum ungaresche Folklore a Vollekslidd bäigedroen.
  • Schliisslech hu vill klassesch a modern Komponiste sech vum ungaresche musikalesche Musekpatrimoine inspiréiere gelooss an eng sougenannt klassesch Zigeinermusek komponéiert. Hei si puer Beispiller:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lauschtert[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]