Pythesch Spiller

Vu Wikipedia

Déi Phythesch Spiller (och: Pythien) sinn um Fouss vum Parnass ofgehale ginn als "Panhellenistesch Wettspiller". Si sinn der Seechen no vum Apollo gegrënnt ginn, nodeem en den Draach Python ëmbruecht hat. Obwuel d'Spiller och sportleche Charakter haten, hunn déi meescht musesche Charakter gehat. Ursprénglech ware se nëmmen all 8 Joer,zanter 582 all 4 Joer. Si waren an der Zäit grad sou bedeitend wéi déi Olympesch Spiller mä zanter dem 2. Joerhonnert hu se u Bedeitung ofgeholl.