Queesch

Vu Wikipedia

Queesch ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi zanter 2003 eng véiermol am Joer erauskënnt. Den Ënnertitel ass "Das Magazin für und über Selbstbestimmung - Le magazine pour et sur l'autodétermination". De Queesch definéiert sech selwer als "autonomen Zeitungsprojet", dee vu Leit a Gruppe gemaach gëtt, déi sech a soziale Beweegungen an an der Konschtzeen engagéieren.

Dobäi kritt een ëmmer eng CD, op där Musek, Video, Fotoen a soss Audiodokumenter gespäichert ginn.

Éischter aussergewéinlech ass, datt d'Publikatioun ënner Creative Commons Attribution Non Commercial ShareAlike 2.5-Lizenz publizéiert gëtt. Speziell ass och den Abonnementpräis: 12 Euro fir 4 Nummeren; Leit mat klengem Akommes bezuelen der 9, Leit mat "ville finanzielle Mëttelen" 25 Euro.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]