Quelltext

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Quellcode)
Ausgedréckt Pabeierversioun vu Quelltext an der Programméiersprooch Fortran aus den 1970er Joren

Quelltext, Quellcode oder op Englesch Source Code, ass e Begrëff aus der Informatik a bezeechent den Text vun engem Computerprogramm, deen an enger Programméiersprooch verfaasst ass an deen de Mënsch liese kann. D'Zil vum Quelltext ass et, dem Computer genee Reegelen a Virgaben ze maache, déi deen an d'Maschinnesprooch kann iwwersetzen.[1]

De Quelltext ass d'Grondlag fir Software a Websäiten.

E Computerprogramm ka fräi oder Open Source sinn, dat heescht datt all Mënsch de Quelltext ka gesinn an änneren. Déi meescht Programmer sinn awer "zou" (closed source), wat bedeit datt nëmmen de Code, deen ausgefouert gëtt, liesbar ass an d'Benotzer de Quelltext net dierfen ukucken oder änneren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quelltext – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ionos.de: Quellcode: Was genau ist ein Quelltext? (28. Juli 2020)