Queen Elizabeth 2

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) RMS Queen Elizabeth 2)
Queen Elizabeth 2


D'Queen Elizabeth 2 zu Trondheim

Seng Carrière British Red Ensign
Bestallt: 1964
Ufank vum Bau: 5. Juli, 1965
Stapellaf: 20. September, 1967
Gedeeft: 20. September, 1967
 vun der Kinnigin Elizabeth II
Éischt Rees: 2. Mee, 1969
Elo: am Déngscht
Allgemeng Karakteristiken
Tonnage: 70,327 BRT
Verdrängung: 48,923 (gelueden)
Längt: 293.5 m (963 ft)
Breet: 32.03 m (105 ft)
Déifgang: 9.87 m (32 ft)
Héicht: 52.2 m (171 ft 4 in)
Motorleeschtung: 9 x 10,625 kW mat 400 rpm
Propulsioun: 9 MAN 9-cylinder medium speed Turbo-Diesel Maschinne mat zwéi fënnefschautege Propelleren
Vitess: 32.5 Kniet (61 km/h), 20 Kniet (37 km/h) hannerzeg
Capacitéit: 1,756 Passagéier
1,892 (all berths) Passagéier
1,015 Offizéier an Equipage
Et huet kascht: £29,091,000
D'QE2 ënnerwee bei der Kanalinsel Guernsey

D'RMS Queen Elizabeth 2 (QE2), genannt no der Kinnigin Elizabeth II., ass e Passagéierschëff vun der Cunard Linn, dat haut als Schëff fir Croisièrë benotzt gëtt.

D'QE2 war 35 Joer laang d'Flaggschëff vun der brittescher Cunard-Reederei, bis se 2004 vun der Queen Mary 2 ofgeléist gouf.

D'QE2 war, bis zum Bau vun hirer Nofollgerin, dat lescht grousst Transatlantik-Linneschëff a war ier se Dieselmotore krut, dat lescht Passagéierdampschëff mat Uelegfeierung op enger reegelméisseger Atlantikroute. Den Damp koum vun dräi Kesselen, déi pro Dag 520 Tonne Brennes gebraucht hunn. Wärend hirem Déngscht als Cunard-Flaggschiff war se iwwerall an der Welt am Asaz, elo gëtt se als Croisièresschëff benotzt, dat zu Southampton (England) doheem ass.

Mat 70.327 BRT, 294 Meter Längt, 32 Meter Breet an enger Spëtzevitess vun 32,5 Kniet (zirka 60 km/h) ass s'ëmmer nach eent vun de gréissten a séierste Passagéierschëffer um Mier.

D'Queen Elizabeth 2 ass méi grouss wéi d'Titanic, awer méi kleng wéi hir Virgängerin d'Queen Elizabeth an hir Nofollgerin Queen Mary 2, sou datt se duerch de Panamakanal fuere kann. D'QE2 huet Plaz fir 1.892 Passagéier an 1.015 Besatzungsmemberen, also am Ganze fir 2.915 Mënschen. Si huet 5 Restauranten, 2 Cafeeën, 3 Swimmingpoolen, eng Bibliothéik, e Spidol an e Kinossall fir 481 Leit. Ausserdeem nach e Pub, en Nightclub, e puer Baren, e Casino, eng Shoppingpromenade an e Fitness-Center.

Enn vun hirer Croisièrescarrière[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Zanter 2008 fiert d'RMS QE2 keng Croisièrë méi, a well d'Schëff un eng arabesch Finanzgrupp verkaaft gouf, sollt et als Hotelschëff zu Dubai agesat ginn. Et läit awer zanterhier onbenotzt an der Fräihandelszon Jebel Ali vum Dubaier Hafen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Queen Elizabeth 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien