Op den Inhalt sprangen

RR Pictoris

Vu Wikipedia

Den RR Pictoris och Nova Pictoris 1925 war eng Nova, déi de 25. Mee 1925 am Stärebild Pictor vum R. Watson vu Beaufort West a Südafrika entdeckt gouf. Den RR Pictoris hat eng Hellegkeet vun 1,2 mag erreecht. D'Hellegkeet vum RR Pictoris hat an 150 Deeg ëm 3 mag ofgeholl. Haut huet RR Pictoris nëmmen nach 9 mag.

Den Nummdeel "RR" follegt de Reegelen iwwer d'Benennung vu verännerleche Stären a seet, datt RR Pictoris den zéngte verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Pictor entdeckt gouf.

Portal Astronomie