Pictor (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Pictor
Lëtzebuergeschen Numm Moler
Laténgeschen Numm Pictor
Laténgesche Geenitiv Pictoris
Laténgesch Ofkierzung Pic
Positioun südlechen Himmel
Rektaszensioun 4h 32m bis 6h 52m
Deklinatioun -64° 9' bis -42° 47'
Fläch 247 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 25° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
α Pictoris,
3,27m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Columba
Caelum
Dorado
Volans
Carina
Puppis
Kaart vum Stärebild Pictor

De Moler, (laténgesch Pictor) ass ee Stärebild um Südleche Stärenhimmel.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De „Moler“ ass e Stärebild westlech vum helle Stär Canopus, deen zum Stärebild Carina (Kil vum Schëff) gehéiert. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi véiert Gréissteklass.

Dat Stärebild ass vu Lëtzebuerg aus net ze gesinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille agefouert. Op eelere Stärekaarte gëtt et meeschtens als Staffelei mat Pinsel duergestallt.

Am Joer 1897 huet den hollänneschen Astronom Jacobus Kapteyn festgestallt, datt sech d'Positioun vun engem liichtschwaache Stär däitlech verännert hat. De Kapteyns Stär huet (no dem Feilstär vum Barnard) déi zweethéchst gemoossten Eegebeweegung vun alle Stären. Et handelt sech ëm ee rouden Zwergstär vun der néngter Gréissteklass, dee sech pro Joer ëm 8,73 Bousekonnen iwwer den Himmel beweegt.

Am Joer 1984 gouf ëm den zweethellste Stär, β Pictoris eng Stëbscheif vu 25 AE Duerchmiesser nogewisen. Méiglecherweis handelt et sech dobäi ëm eng Akkretiounsscheif aus där sech e Planéitesystem formt. Lescht Hubble Biller weisen op zwou getrennte Stëbsscheiwen, zesumme mat engem grousse Planéit hin.

Himmelsobjeten[änneren | Quelltext änneren]

Stären[änneren | Quelltext änneren]

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3,27m 99 A7 IV
β 3,85m 63 A5 V
γ 4,50m 174 K1 III
δ 4,72m 1656 B0.5 IV
η2 5,05m 474 M2 III
HR 2196 5,04m 394 K2 / K3 III
HR 2049 5,16m 265 G8 III
HR 2389 5,20m 312 K0 III
HR 2094 5,29m 114 F0 Ve
λ 5,30m 343 K0 / K1 III
HR 2008 5,31m 460 K0 / K1 II
η1 5,37m 85 F2 V
ζ 5,44m 118 F7 III-IV
HR 1856 5,46m 143 G3 IV
ι 5,58m
Kapteyns Stär 8,8m 12,77 M VI

Den hellste Stär, α Pictoris ass ee wäiss-bloen Ënnerris mat der Spektralklass A6 V. Hie läit 100 Liichtjoer vun eis ewech. Säin Duerchmiesser ass dräimol méi grouss, hien huet déi dräifach Mass an déi 40fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De β Pictoris läit op enger Distanz vun 63 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet déi néngfach Liichtkraaft an déi duebel Mass vun eiser Sonn. De Stär gehéiert zu der Spektralklass A5 V.

De Kapteyns Stär ass ee Rouden Zwerg mat enger visueller Magnitude vun 8,8m. Mat enger Distanz vun nëmmen 12,77 Liichtjoer ass hien ee vun deene noosten Nopere vun eiser Sonn.

Duebelstären[änneren | Quelltext änneren]

System Gréissten Ofstand
ι 5,58 / 6,42m 12,3"

Den ι Pictoris ass een Duebelstäresystem, dat scho mat engem klengen Teleskop observéiert ka ginn.

NGC-Objeten[änneren | Quelltext änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
1705 Galaxis

Am Pictor läit op enger Distanz vu 17 Millioune Liichtjoer eng irregulär Galaxis NGC 1705.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pictor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie