Rad vu Falkirk

Vu Wikipedia
D'Rad vu Falkirk
Animatioun

D'Rad vu Falkirk (op Englesch: Falkirk Wheel) ass e Schëffslift deen an engem grousse Rad dréint. Dëse Lift verbënnt de Forth and Clyde Canal an de Union Canal.

De Lift ass no bei der Stad Falkirk am Zentrum vu Schottland an et ass e Meeschterwierk am Héichbau. Et ass ee vun den zwéin eenzege Schëffslifter a Groussbritannien, den zweeten ass de Schëffslift vun Anderton am Cheshire.

D'Rad vum Lift huet en Duerchmiesser vu 35 Meter an am Rad hänken zwéi Backe mat 600 Tonne Waasser dran. D'Längt vun de Backen ass eppes iwwer 80 Meter. Fir en hallwen Tour ze dréinen a sou d'Schëffer 25 Meter méi héich ze hiewe brauch d'Rad 4 Minutten.

D'Rad vu Falkirk gouf de 24. Mee 2002 a Presenz vun der englescher Kinnigin a Betrib geholl.

Fréier huet eng Serie vun 11 Schleisen déi zwéi Kanäl matenee verbonnen. An den 1930er Jore gi se net méi befuer, verfalen a ginn zougetippt. Duerch Fongen déi aus der Nationallotterie koumen, konnt Millennium Commission ufänken d'Kanäl erëm a Stand ze setzen. En Appel d'offres gouf lancéiert fir déi zwéi Kanäl mateneen ze verbannen, an de Projet vum grousse Rad gouf ugeholl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rad vu Falkirk – Biller, Videoen oder Audiodateien