Rafael Vicente Correa Delgado
Rafael Vicente Correa Delgado | ||||||
![]() | ||||||
43. President vum Ecuador | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
| ||||||
|
De Rafael Vicente Correa Delgado, gebuer de 6. Abrëll 1963 zu Guayaquil, ass en ecuadorianeschen Ekonomist a Politiker. Hien ass zanter dem 15. Januar 2007 President vu sengem Land a gouf zulescht de 17. Februar 2013 erëmgewielt.
Hien huet op der Kathoulescher Universitéit vu Guayaquil Ekonomie studéiert an dee Studium 1987 ofgeschloss. Méi spéit huet hien e Master op der Université catholique de Louvain zu Louvain-la-Neuve an op der University of Illinois at Urbana-Champaign gemaach. Op der University huet hien 2001 zum PhD promovéiert. Bis e President gouf, huet hien op verschiddenen Universitéiten, zulescht als Professer, Course ginn.
2005 war hien e puer Méint laang Wirtschafts- a Finanzminister vum Ecuador. Kuerz drop huet hie fir d'Presidentschaftswale kandidéiert a gouf de 4. Dezember 2006 am zweeten Tour gewielt.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Rafael Vicente Correa Delgado – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum President (spuenesch)